Twistvlietbrug

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Twistvlietbrug zu Zwolle

D'Twistvlietbrug ass eng Schréiseelbréck kombinéiert mat enger Hiefbréck zu Zwolle an der hollännescher Provënz Overijssel.

D'Bréck déi am Béton armé gebaut ass, kann nëmme vu Foussgänger, Cyclisten, Autobussen, Taxien oder soss Gefierer mat Prioritéitsrang benotzt ginn. D'Bréck gouf 1999 fir de Verkéier opgemaach, a si verbënnt d'Quartieren Hoeltenbroek a Stadshagen. Iwwer d'Bréck féiert den Twistvlietweg.

Dat dräieckegt rout Gebai riets am Bild ass den zentrale Steierzentrum fir d'Brécke vun Zwolle. Ausser der Twistvlietbrug gi vun do aus nach d'Mastenbroekerbrug, d'Holtenbroekerbrug, d'Hofvlietbrug an d'Zwartewaterbrug zu Hasselt gesteiert.

Um Gelänner vun der Bréck ass eng Plack festgemaach, déi un d'Besatzung vum Lancaster PM-D 722 erënnert, deen den 21. Mee 1944 op där Plaz erofgefall war. Dobäi koumen dräi Besatzungsmembere vu siwen ëm d'Liewen.

Geographesch Koordinate vun der Bréck: Gnome-globe.svg 52° 31’ 36’’ N 06° 04’ 15’’ O

[änneren] Technesch Detailer
  • Totallängt: 175 m
  • Breet: 12,7 m
  • Gréisste Spaanwäit: 56 m
  • Héicht vun de Pilieren: 35 m
  • Seeler:24 Droseeler déi all Kéiers aus 137 drote Seeler verseelt sinn.
  • Breet fir Schëffer ënner der Hiefbréck: 20 m
  • NBS-Archivnumero: 52.02.01
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen