US Open
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'US Open ass en Tennisturnéier an den USA. Et ass dee véierte vu véier Grand-Slam-Turnéiere vum Joer a gëtt am August a September zu New York am USTA Billie Jean King National Tennis Center zu Flushing-Meadows gespillt.
Wéi bei all aner Grand-Slam-Turnéier spillen hei och Damen an Hären am Eenzel, am Duebel an am Mixed.
Den Tournoi gouf fir d'éischt 1881 bei den Häre gespillt. Damen hu fir d'éischt 1887 gespillt. Bis 1974 gouf den Tournoi op Gras gespillt, du gouf fir dräi Joer op Sand gewiesselt a säit 1978 bis haut op haardem Belag.
Gewënner[änneren]
- Lëscht vun den US Open Gewënner am Häreneenzel
- Lëscht vun den US Open Gewënner am Dameneenzel
- Lëscht vun den US Open Gewënner am Härenduebel
- Lëscht vun den US Open Gewënner am Damenduebel
- Lëscht vun den US Open Gewënner am Mixed
US-Open-Turnéier
| Commons: US Open (tennis) – Biller, Videoen oder Audiodateien |