Vézelay
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Avallon | ||||
| Kanton | Vézelay | ||||
| Code Insee | 89446 | ||||
| Postcode | 89450 | ||||
| Koordinaten | 47° 27' 59" N 03° 44' 54" O |
||||
| Fläch Uertschaft | 2 183 ha | ||||
| Bevëlkerung Uertschaft | 492 (1999) | ||||
Vézelay ass eng kleng franséisch Stad am Morvan am Departement Yonne an der Bourgogne. Et ass de Chef-lieu vum Kanton Vézelay am Arrondissement Avallon. Laanscht d'Uertschaft leeft de klenge Floss Cure.
Vézelay ass eng vun de wichtegste Plazen op de Jakobsweeer. Et ass den Ausgankspunkt an Haaptversammlungsplaz vun de Pilger, déi iwwer d'Via Lemovicensis op Santiago de Compostela trëppelen.
Déi kleng Stad, déi ee vu wäitem gesäit läit op engem Hiwwel an der Haute-Bourgogne, a si verdeelt sech ronderëm d'Basilika de la Madeleine, déi op e Benediktinerklouschter aus dem 9. Joerhonnert zréckgeet.
Vu Vézelay aus hunn de Richard Léiwenhäerz an de Philippe Auguste sech de 4. Juli 1190 op de Wee fir den Drëtte Kräizzuch gemaach.
| Uertschaft virdrun |
Jakobswee Via Lemovicensis |
Uertschaft duerno Bazoches & Tannay |
| Commons: Vézelay – Biller, Videoen oder Audiodateien |