Vëlkerschluecht vu Leipzig

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Vëlkerschluecht vu Leipzig am Joer 1813. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Leipzig (Homonymie).
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vëlkerschluecht vu Leipzig
Husaren Völkerschlacht bei Leipzig.jpg
Vëlkerschluecht vu Leipzig
Datum 16. bis 19. Oktober 1813
Plaz Leipzig a Sachsen
Resultat Victoire vu den Alliéierte
géint d'Fransousen
Kontrahenten
Russland
Preisen-Éisträich
Schweden
Frankräich
Männer op der Plaz
310 000 Männer 210 000 Männer
Befreiungskricher


Déi sougenannte Vëlkerschluecht bei Leipzig (16. bis 19. Oktober 1813) war déi entscheedend Schluecht vu de Befreiungskricher. An deenen stongen d' Truppen vu den Alliéierten Éisträich, Preisen, Russland a Schweden den Truppen vum Keeser Napoleon géinteniwwer.

Mat am Ganzen ongeféier 520.000 bedeelegten Zaldoten aus méi wéi enger Dose Vëlker war dëst Gefecht bis Ufank vum Éischten Weltkrich déi gréisste Schluecht vun der Weltgeschicht. An dëser wichtegster Schluecht vum Befreiungskrich géint déi napoleonesch Friemherrschaft hunn déi zueleméissig iwwerleeën alliéiert Arméien vu den Éisträicher, Preisen, Russen a Schweden den Napoleon Bonaparte entscheedend geschloen, sou datt den Napoléon gezwonge war, sech mat sengen iwwreg gebliwenen Truppen aus Däitschland zeréckzezéien.

An der Schluecht si vu de 520.000 bedeelegten Zaldoten 115.000 Mann ëmkomm oder blesséiert ginn.

Am Joer 1913 – genee 100 Joer méi spéit – gouf dat 91 Meter héicht Vëlkerschluechtdenkmal fäerdeggestallt an op där Plaz opgeriicht, wou déi meeschten Zaldoten gefall sinn.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Category:Battle of Leipzig – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen