Verluerekascht Fiels
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geographie
De Verluerekascht läit ongeféier 120 m westlech vum Kär vun der Fiels.
Koordinaten :
49° 47’ 02’’ N 06° 13’ 04’’ O Héicht: 300 m
[änneren] Geschicht
Um Verluerekascht steet d'Ruin vun engem Tuerm géintiwwer vun der Fielser Buerg. En huet zu senger Zäit wuel als Beobachtungstuerm gedéngt fir den Ugrëffer éischter ze gesinn. Et gouf eng Verbindungsmauer, an där hirem Schutz d'Ritter tëscht der Buerg an dem Verluerekascht sech hin an hir beweege konnten.
[änneren] Touristesches
Haut ass de Verluerekascht e beléiften Aussichstpunkt. Et huet een eng wonnerschéin Aussicht op d'Fielser Buerg, d'Alstad, den Zentrum, ma och de Rescht vun der Bidden.
Och d'Hannerland vum Tuerm huet de Flouernumm Verluerekascht ugeholl. Hei ass e flotte Spadséiergank duerch e Lafbësch mat villen herrleche Fielsformatiounen, z.B. a Form vun engem Champignon.