Villa Schaefer

Vu Wikipedia

D'Villa Schaefer war en herrschaftlecht Haus an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se stoung an der Avenue Marie-Thérèse, um nërdleche Bord vum Péitrussdall, zwëschen der Villa Baldauff an dem Konvikt.[1],[2]

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

D'Pläng fir d'Villa waren 1869 vum Architekt Jean-François Eydt entworf ginn. D'Oploen an der Baugeneemegung hunn eng Entrée um Niveau vun der Strooss an en Trëttoir virum Haus virgeschriwwen. De Proprietär huet deemools och missen de Reduit vum Fort Peter zouschëdden.

De Bau vun der Villa Schaefer huet sengerzäit zum Plang vun der Regierung gehéiert, fir Villae ronderëm d'ëffentlech Parken unzeleeën an doduerch laangfristeg Investisseuren u Lëtzebuerg ze bannen.

Op där Plaz wou sengerzäit d'Villa Schaefer stoung, gouf 1958 de Bëschofspalais gebaut[3].

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Publicité am L'Indépendance luxembourgeoise vum 20. Oktober 1905, Säit 4
  2. Chronik aus der Hauptstadt an der Obermosel-Zeitung vum 27. Juli 1917, Säit 2
  3. Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt Säit 166, Édition Maison Moderne, 2013, ISBN 978-99959-33-07-4