Visittekaart
Annonce vun der Dréckerei Pierre Bruck (Lëtzebuerg-Stad) aus dem Luxemburger Wort vum 16. Dezember 1873.
Eng Visittekaart oder och Visittekäertchen, ass eng Kaart a klengem Format aus méi déckem Pabeier, op deem engem säi Virnumm a Familljennumm a meeschtens perséinlech Donnéeë wéi Telefonsnummer, Postadress an E-Mail-Adress stinn an déi een anere Leit gëtt, fir sech ze presentéiren oder datt déi ee kontaktéiere kënnen.
Am beruffleche Kader schwätzt ee vun enger Geschäftskaart, wou dann och den Numm an de Logo vun der Firma, an och oft d'Positioun oder d'Funktioun vun där Persoun drop.
Geschicht[änneren]
Visittekaarte goufe fir d'éischt a China am 15. Joerhonnert gebraucht. An Europa koume se am 17. Joerhonnert an Adelskreesser op, wou se geschwënn zu der Etiquette gehéiert hunn. Wollt een ee besichen, huet ee seng Visittekaart dem Hauspersonal un der Dier misse ginn. Dëst huet se dem Haushär op engem sëlwere Plateau bruecht, deen dann decidéiert huet, ob oder wéini en de Besuch empfänke wollt.
| Commons: Visittekaarten – Biller, Videoen oder Audiodateien |