Op den Inhalt sprangen

Vulle vum Séi Stymphalos

Vu Wikipedia

D'Vulle vum Séi Stymphalos waren an der griichescher Mythologie Vullen an der Gréisst vun Huergänse mat eisene Flilleken, Schniewelen a Krallen, déi beim Séi Stymphalos gelieft hunn, an an där Géigend Mënschen an Déieren embruecht hunn.

Si waren dem Gott Ares geweit a konnten hir Plomme wéi Feiler ofschéissen, a mat hire Schniewelen déi stäerkst Rëschtung duerchdréngen.

D'Vulle vum Séi Stymphalos waren déi sechst vun den 12 Aufgaben déi de Kinnek Eurystheus dem Herakles ginn hat. Seng Aufgab huet dora bestanen d'Vullen ëmzebréngen an aus der Géigend ze verdreiwen.

Wéi den Herakles beim Séi ukomm ass, an dé vill Vulle gesinn huet, huet hie sech Fro gestallt, wéi hie se kéint Meeschter ginn. Doropshin ass dem Herakles d'Gëttin Athene erschéngt, an huet him eng Klapper (copie/paste de:Wiki ?) ginn déi den Hephaistos fabrizéiert hat. Den Herakles huet d'Klapper zesummengeschloen, an domat sou vill Kaméidi gemaach, datt d'Vulle fortfléie sollten. Den Herakles huet dunn souvill Vulle wéi méiglech mat senge Feiler erluecht. D'Vulle sinn op Insel Aretia fortgeflunn, a koumen net méi bei de Séi Stymphalos zeréck.

An der Argonauteso ginn dës Vullen erëm ernimmt, well se d'Argonauten attackéiert hunn, wéi déi op der Insel lande wollten.

Commons: Stymphalian birds – Biller, Videoen oder Audiodateien