Vulle vum Séi Stymphalos
D'Vulle vum Séi Stymphalos waren an der griichescher Mythologie Vullen an der Gréisst vun Huergänse mat eisene Flilleken, Schniewelen a Krallen, déi beim Séi Stymphalos gelieft hunn, an an där Géigend Mënschen an Déieren embruecht hunn.
Si waren dem Gott Ares geweit a konnten hir Plomme wéi Feiler ofschéissen, a mat hire Schniewelen déi stäerkste Rüstung duerchdréngen.
D'Vulle vum Séi Stymphalos waren déi sechst vun den 12 Aufgaben déi de Kinnek Eurystheus dem Herakles ginn hat. Seng Aufgab huet doranner bestanen d'Vullen ëmzebréngen an aus der Géigend ze verdreiwen.
Wéi den Herakles beim Séi ukomm ass, an dé vill Vulle gesinn huet, huet hie sech Fro gestallt, wéi hie se kéint Meeschter ginn. Doropshin ass dem Herakles d'Gëttin Athene erschéngt, an huet him eng Klapper (copie/paste de:Wiki ?) ginn déi den Hephaistos fabrizéiert hat. Den Herakles huet d'Klapper zesummengeschloen, an domatter sou vill Kamméidi gemaach, datt d'Vulle fortfléie sollten. Den Herakles huet dunn souvill Vulle wéi méiglech mat senge Feiler erluecht. D'Vulle sinn op Insel Aretia fortgeflunn, a koumen net méi bei de Séi Stymphalos zréck.
An der Argonauteso ginn dës Vullen erëm ernimmt, well se d'Argonauten attackéiert hunn, wéi déi op der Insel lande wollten.
| Commons: Stymphalian birds – Biller, Videoen oder Audiodateien |