Warngilet

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E gielen...
... an en orange Warngillet.

E Warngilet ass e Gilet, oder eng Pellerin, mat Sträifen déi Liicht reflektéieren.

Warngilete si meeschtens vun enger greller Faarf, wéi Neongiel oder Knallorange. Si gi gedroe vun Aarbechter, déi op ëffentleche Stroossen hantéiere mussen, wéi z. B. Stroossekierer, Leit, déi um Drecksauto schaffen, oder Bauaarbechter.

Och Vëlofuerer dinn esou Gileten un fir besser gesinn ze ginn, virun allem, wann et bronkeg oder däischter ass.

Vum 1. Juni 2008 u muss zu Lëtzebuerg an all Auto op d'mannst ee Warngilet matgefouert ginn, deen een undoe muss, wann een op Autobunnen eng Pann huet, an aus dem Auto klamme muss. Ausserdeem muss all Foussgänger, deen tëscht Sonnenënnergank a Sonnenopgank oder bei schlechter Siicht op Landstroossen baussent den Uertschaften ënnerwee ass, sou e Warngilet droen.

Kuckt och [änneren]

Commons: Warngilete – Biller, Videoen oder Audiodateien