We Feed the World

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Informatiounen zum Film

Nach kee Plakat do

Filmdaten
Originaltitel: We Feed the World
Produktiounsland: Éisträich
Produktiounsjoer: 2005
Dauer: 96 Minutten
Originalsprooch: Däitsch
Equipe
Regie: Erwin Wagenhofer
Dréibuch: Erwin Wagenhofer
Kamera: Erwin Wagenhofer
Musek: Helmut Junker
Helmut Neugebauer
Produzent: Helmut Grasser, Allegro Film
Haaptacteuren Jean Ziegler
Karl Otrok
Peter Brabeck-Letmathe
Filmportal - Film no Joren - Film no Länner

We Feed the World ass en éisträicheschen Dokumentarfilm vum Erwin Wagenhofer aus dem Joer 2005, deen e kritesche Bléck op d'Masseproduktioun vu Liewensmëttel an d'Industrialiséierung gehäit.

[änneren] Ëm wat geet et am Film?

Un Hand vu beandrockende Biller a Kommentare vu concernéierte Personnagen (Baueren, Biologen, ...) stellt de Film d'Industrialiséierung vun der Liewensmëttelproduktioun, déi ëmmer méi zou hëlt, duer a gehäit e kritescht A op d'Roll vun der EU an hirer Agrarpolitik an dësem Zesummenhank.

D'Handlung fänkt an Éisträich un a weisst, datt do eleng zu Wien deeglech souvill Brout entsuergt gëtt, wéi an der zweetgréisster éisträichescher Stad Graz konsuméiert gëtt. Weider beliicht de Film d'Fëschereiwiesen an der Bretagne an d'Pläng vun der EU dës z'industrialiséieren, d'Geméisproduktioun a Spuenien a Rumänien, wou d'Bauere vun deieren Hybridzorten ofhängeg gemaach ginn, de Sojasubau op virege Reebëschflächen a Brasilien zum Zweck vun der Déierefidderung an Europa, obwuel Millioune Brasilianer Honger leide mussen, a schliisslech d'Gefliggelzucht an Éisträich.

Tëschenduerch ginn ëmmer nees Interviewe mam Jean Ziegler, dem Spezialrapporteur vun de Vereent Natioune fir d'Recht op Nahrung, agespillt. De Schluss vum Film mécht en Interview mam éisträicheschem CEO vun Nestlé, dem Peter Brabeck-Letmathe. Hie verdäitlecht mat sengen Aussoen, datt hien d'Liewensmëttelindustrie (och Drénkwaasser) als reng Wirtschaftsbranche gesäit, an där net vill Plaz fir Respekt op d'Natur an d'Noutlag vun den ärmste Mënschen ass.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen