Wikipedia:De Staminee/Archiv2007/Mäerz

Vu Wikipedia

Skizzen, elo mat Blimmien[Quelltext änneren]

D'Briséis ka wuel am beschte fir sech selwer schwätzen, mee menger Meenung no geet et him bestëmmt manner em d'Blimmie wéi em d'Kategoriséierung vun de Skizzen. D'Beispill mat de Blimmercher (Skizze-Kategorie Biologie): Kategorie:Wikipedia:Skizzen (Biologie).
Fei Saach soulaang et net iwwerdriwwe gëtt (x Ënnerkategorie wéi an der en-wiki beispillsweis) a bei deem hëllefe kann u wat et hei nach e bësse feelt: de Skizze Meeschter ze ginn a se lues a lues zu konsistente, "richtegen" Artikelen ëmzeschaffen .... nodeems d'lb sech tendenziell a Richtung 50% Skizze beweegt, ass et bestëmmt keng Domm opmannst ze probéieren e bëssen den Iwwerbléck ze behalen. Dobäi bleiwen däerf et natierlech net! Just meng Iwwerleeung dozou.
Schéine Weekend, . Kaffi 21:40, 3 Mäerz 2007 (UTC)
an der Kategorie Kategorie:Wikipedia:Skizzen sinn et der -iwwert den Daum- bis ewell 3906 (flott Geschir: [1]). Ech huelen awer net un datt d'Artikelen all richteg zortéiert sinn, et ass also warscheinlech net héich genuch gegraff. Egal, et sinn der, do hues de vollkomme Recht, vill ze vill ... mee iwwert d'Aktioun Blimmi ass et besser mam Briséis ze poteren. Nuecht, Kaffi 23:15, 3 Mäerz 2007 (UTC)

Lafe lo nëmmen nach Roboteren hei Amok?[Quelltext änneren]

E gudden Owend. Ass hei an de leschten Deeg eng Ergotherapie fir Roboteren am gaangen? E Stéck Zocker fir de Kaffi, deen dat Aktioun Blimmi nennt. --Dat Krappegt vu Sëll 22:01, 4 Mäerz 2007 (UTC)

Nach eng Kéier: Skizze, gemoolt an dekoréiert[Quelltext änneren]

Bei allem Versteesdemech (wann ech et och net als prioritär ugesinn) fir gesonnert Kategorien: Ech giff stoark roden, den Hakekräizfändel fir d'"SkizzWW2"" léiwer gëschter wéi moar duerch eppes anescht z'ersetzen: Dat mécht sech net terribel gutt bei Artikelen iwwer Leit, déi wa méiglech ënnert deem Fändel ze leiden haten oder esouguer dowéinst hiert Liewen hu misse loossen.--Zinneke 19:41, 7 Mäerz 2007 (UTC)

Island - Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

"Hin íslenska Wikipedia fór í gang 5. desember 2003 og inniheldur núna 13.768 greinar."
"Et ginn 13,778 Artikelen op Lëtzebuergesch"
--Cornischong 00:14, 9 Mäerz 2007 (UTC)

Voila, déi hu mer geknackt:
Et ginn 13,824 Artikelen op Lëtzebuergesch...
...inniheldur núna 13.776 greinar. ;) --JimHawk 16:40, 9 Mäerz 2007 (UTC)

"Hin íslenska Wikipedia fór í gang 5. desember 2003 og inniheldur núna 14.073 greinar."
"Et gi 14,062 Artikelen op Lëtzebuergesch an ..."
--Cornischong 09:29, 22 Mäerz 2007 (UTC)

Kreativt Inselvollek: 32 Buschtawen huet d'islännescht Alphabet, an alleguer hu se elo en eegenen "Artikel" [2], keng Skizze wuelgemierkt! Deemnächst sinn dann d'Kommazuelen vu Π op islännesch nozeliesen ;-) --Kaffi 10:35, 23 Mäerz 2007 (UTC)

An dobäi sinn de klengen "h" an de groussen "H" an engem eenzegen Artikel zesummegefaasst.--Cornischong 10:50, 23 Mäerz 2007 (UTC)


Talentconcours?![Quelltext änneren]

Gudden Owend! Ech wees, ech wees, och wann ech gläich gestengecht ginn, probéieren ech et awer mol virzeschloen: wéi wier et, wann mer hei an der lb.wiki eppes an er Art vun engem Talentconcours giffen organiséieren?! Ech mengen, d'de.wiki huet jo relativ vill erfolleg mat hieren Biller- & Schreiwwettbewerben. Bei baal 1000 registréierten (dovunner ca. 30 bis 50 zeitweis mei oder manner aktiven) User misst dat dach op Interessi stoussen. Et muss jo mol net wierklech em eppes goen (et giff schon duer goen, datt dem gewenner sein artikel als "exzellenten artikel" ausgezeechent an op der startseit presenteiert gett... ech giff dofir z.b. eng andeelung an 2 Kategorie virschloen: Beschten Artikel an Bescht Bild/Grafik. Ech giff behaapten, datt sech op mannst e puer vun eis inspireiert fillen, fir eis wiki em e puer exzellent artikelen ze beräicheren an sech doduerch d'motivatioun och e bessi erhéige leisst (et ass jo emmer sou, datt een mei gett, wann et em eppes geet ;)). Äer Meenung? Sou, lo kenn der mech stengegen :) --JimHawk 19:21, 9 Mäerz 2007 (UTC)

Salut. Hei gëtt kee gestengegt. Ech fannen et ëmmer gutt, wann ee mat enger Iddi kënnt, déi net apriori komplett onméiglech ass. Zënter Jore verfollegen ech "Wikipedia:Kandidaten für exzellente Bilder" an d' "Wikipedia:Kandidaten für exzellente Artikel". Fir d' "Wikipedia:Kandidaten für lesenswerte Artikel" hunn ech mech vun Ufank u manner intresséiert. Vun Ufank u leeën ech grousse Wäert drop, datt mer eis Artikele valabel illustréieren mat Fotoen oder Biller mat uerdentleche Faarwen an engem valabele Fromat an net mat Timberen, well ech kengem wëll zoumutten op Biller ze klicken, fir iwwerhaapt ze gesinn, wat um Bild ass. Datt mer hei mat Waasser kachen krut jidderee mat. "misst dat dach op Interessi stoussen": Ech wéilt, du häss Recht. Ech si FIR alles, wat "eis" Wikipedia ka weiderbréngen. Déi Saach mat de "Beschten Artikel an Bescht Bild/Grafik" ass "u sech" gutt. Fuer emol duer, mee denk awer heiansdo drun, datt Wonner e bësse méi laang daueren. Wann s de schonns Iddien vun iwwer der Musel eriwwerhuele wëlls, da vergiess net "Wikipedia:Bilderwerkstatt", well dat ass, praktesch gesinn, néideg. Elo genuch vu menger Säit, déi aner soen och gär hir Meenung. --Cornischong 21:31, 9 Mäerz 2007 (UTC)


Moie JimHawk,

flott, dass de hei nees méi dacks ronderëmkoschters. Wéi de Cornischong och, fannen ech grondsetzlech gutt, wann een Iddien huet, déi d'Saach am Schwong halen oder hir en neien Driff ginn. Ouni awer elo wëlle pessimistesch ze sinn: ech weess net ob d'Verdeele vu Gielecher onbedingt méi Qualitéitsartikele bréngt. Dee Grappvoll Leit, déi hei matschaffen, si jo richteg "Experten" just op ganz wéinege Gebidder. An déi Artikelen, déi an deene leschte Joren an deene Gebidder geschriwwe goufen, sinn dat dann och mat vill Léift an Detailer, a kënne sech weise loossen, och ouni Gielchen. Op engem Gebitt, wou een ausser Allgemengwëssen näischt bäizedroen huet, kann een dann awer och schwéier 1A-Qualitéit bidden; hei ass da meeschtens eng Iwwesetzung dat "Héchst" wat drann ass. Méi "exzellent Artikele" kréie mer dofir virun allem duerch nei Mataarbechter, déi no häerzeloscht "hir" Sachgebidder kënne beschreiwen. A spéidstens do bäisst d'Kaz sech an de Schwanz... --Zinneke 18:35, 10 Mäerz 2007 (UTC)


hmm, ech vertsinn wat der soen wellt... mee alleng schon exzellent-artikelen, giff "eis" wiki mei interessant maachen... alleng doduercher datt een se all "artikel vun der woch" oder "artikel vum mount" op der statsäit presenteiert, kenne mer neie Besicher weisen, datt mer och mei ze bidden hun wei nemmen en artikel iwwert e letz. Duerf. Ech giff behaapten, datt et d`motivatioun awer e bessen hierwen giff... dat mat den "experten op weinege gebidder" ass jo och normal... mee dat geet dach schons mei wei duer. et kann een och en exzellenten Artikel iwwert letzebuerger Gebaier schreiwen, oder iwwer Museksgruppen oder deieren ouni nemmen eng Iwwersetzung ze hunn. Sou e Concours soll jo och net all Mount organiséiert ginn. An wat d´Biller an d´Grafiken ugeet, do hun mer der och zimmlech vill hei, déi "schaafen" am plaz zwuerchanescht leinen ze goen... Letzebuerg bidd nach extrem villes, wou ee keen Expert oder e gudden Iwwersetzer muss sinn ;) Wat ech soen well, ass, datt et onser wiki e bessi mei "glamour", mei ofwiesselung brengt. Verbonnen mat engem zeitungartikel oder sou kinnt et eventuell souguer mei schreiwer/lieser brengen... natierlech lo a klengen mossstäb dat ganzt ;) --JimHawk 15:09, 11 Mäerz 2007 (UTC)

Gudde Moien alleguer
Ech fannen dem JimHawk seng Iddi och net schlecht mee schwéier ze realiséieren. Bei deene puer Leit déi héi matschaffen gëtt e a mengen Aen och aner Unerkennungsméiglechkeeten
Ech zitéieren e puer Beispiller déi net onbedingt eppes mat superspezialgudden Artikelen ze dinn hunn. Ech mengen domat Reaktioun vun engem Matarbechter op den aneren déi net onbedingt jidderengem sou direkt opfällt, déi awer heiandsdo wichteg sinn.
1) Et gëtt en Artikel geschriwwen, an da fällt engem op datt do eng Foto feelt. Wéi wann se gefrot wier steet se 2 Minutten duerno am Artikel.
2) Et mecht een an engem Duerf e Link op en Haus wou ee wéi mer soen dichtege Lëtzebuerger gebuer ass. Dat fällt engem aneren op a kuck do eng Stonn duerno hu mer en Artikel iwwer dee Lëtzebuerger.
3) Et fällt engem aneren op datt e Wuert 738 verlinkt ass an nach keen Artikel derzou besteet. Da mecht en deen Artikel oder wéinstens den Ulaf dervun.
4) Et fällt engem op datt en Artikel eng Homonymie brauch. Déi eng stellen d'Fro op do net misst eng Homonymie gemaach ginn, déi aner maachen se ouni datt se vill ronderëm froen.
5)Ech kéint elo mat dëser Lëscht nach 10 Stonne weiderfueren.
6)Alles wat am Sënn vun der Verbesserung gemaach gëtt ass menger Meenung excellent.
7)Et gëtt Verbesserungen a groussen Artikelen wou eng klinzegkleng Verbesserung den Artikel méi valoriséiert wéi honnert Sätz déi dra stinn.
8)Op der aner Säit kann eng Reduzéierung vum Inhalt och nach eventuell zu enger substanzieller Verbesserung bäidroen.
9)Esou e Choix vun engem excellenten Artikel wier op der lb: Wiki menger Meenung no ganz subjektiv, einfach aus der Ursaach well ons Mataarbechterzuel net grouss genuch ass fir eng Neutralitéit kënnen ze garantéieren. (Op déi Manéier: Wat schreift deen dann do? Ass dat relevant? Wien intresséiert sech dann dofir ?). Ech hun deeër Menunge scho matkrut ouni Debat iwwer en excellenten Artikel.
Dofir meng Opfaassung a Propos:
Wier et net emol einfach fei kollegial wann engem eng positiv Reaktioun op eppes opfällt, oder wann e mengt en Artikel hätt em gefall, datt en dat mol einfach esou op de Stamminet setzt.


An deem Sënn fänken ech dann elo domat unn:


Ech soen dem Cornischong Merci fir verschidde gutt Fotoen déi e spontan an en Artikel erabruecht huet.
Ech soen dem Zinneke Merci fir den Artikel 'Michel Gloesener deen en kuerz nodeems den Numm am Artikel Uewerkäerjeng ernimmt gouf, demarréiert huet.
Ech soen dem Pecalux Merci datt e sech d'Méi mecht fir d'Uertschaftskoordinaten anzesetzen. Sou Fléissaaarbechte fale vläicht kengem esou artikelsméisseg spéider op, hunn awer och musse gemaach ginn.
Ech soen dem JimHawk Merci fir seng Iddi zu dësem Thema, déi weist datt e sech engagéiert fillt.
A soss soen ech och den anere Leit Merci déi hei matschaffen och wann se elo hei net opgezielt goufen, dat soll net heeschen datt se net bekannt sinn. Déi puer hie uwendriwwer sollen nëmmen e Beispill sinn.

Les Meloures 16:58, 11 Mäerz 2007 (UTC)

U sech ass d'Saach jo ganz einfach: Wa vun eisen 1.001 Useren (souvill sinn et der!! Dach, dach, dat steet op der Wikimedia-Statistik-Säit) jiddereen all Dag just een Artikel schreift, hu mer bannent engem eenzege Joer dräihonnertfënnefasechzegdausenddräihonnertfënnefasechzeg nei Artikelen. Dorënner wäerten dann och emol e puer exzellenter sinn. Bei dräi Artikelen am Dag op de Kapp schwätzt an zwee Joer kee méi vun der däitschsproocheger Wiki. Also, .... wou ass de Problem?--Cornischong 11:42, 19 Mäerz 2007 (UTC)

Ee Communiqué, hei virugereecht[Quelltext änneren]

La lettre B du Lëtzebuerger Online Dictionnaire a été mise en ligne

15-03-2007

Lors de la conférence de presse du 5 février 2007, la Secrétaire d’État à la Culture, à l’Enseignement Supérieur et à la Recherche avait annoncé une mise à disposition progressive des travaux du groupe "Dictionnaires" sur le site www.lod.lu. Conformément à cette annonce, les articles correspondant aux mots luxembourgeois commençant par la lettre B ont été mis en ligne le 27 février dernier. Depuis son ouverture, le site du Lëtzebuerger Online Dictionnaire a connu un franc succès. Dès la première semaine, des centaines d’internautes s’y sont connectés. Grâce au formulaire prévu à cet effet, certains d’entre eux ont fait part au groupe"Dictionnaires" de remarques pertinentes. Ces remarques ont fait l’objet d’un examen du Conseil de relecture et, en cas de validation, elle ont été exploitées pour améliorer le dictionnaire.

Dans les mois à venir, une prochaine mise à jour permettra d’ajouter de nouveaux articles (lettres C et D) et de développer les fonctionnalités du site.

(communiqué par le ministère de la Culture, de l’Enseignement supérieur et de la Recherche)

D'Billerstiermer[Quelltext änneren]

Am Artikel Bratislava e vun haut un e Bild manner. Dat ass net fir d'éischt. datt eent vun deene Biller, déi mat de Commons verlinkt ass, vun engem Commons-Admin aus Grënn, déi deen eis net verréit, geläscht ginn. Gëscht war dat Bild anscheinend nach an der Rei. Jo, et ass esou einfach, de Commons-Link an en Artikel ze setzen, an dann ass e Bild do. Datt hei vill Tranmuselaner opdauchen an eis opfuerderen "eis" Biller op d'Commkons ze setzen ass eng Saach, datt all gudden Dag nees e Bild "verschwënnt" ass eng aner. Munneger vun eis kommen u Biller vu villen Uertschaften uechter d'Welt (well se do an der Vakanz waren oder well hir Urgroussbom do wunnt, well hirem Noper säin Dackel säi Wanterschlof do hält). Mer misste kucken, fir mol an deenen Ecker Biller zesummenzekrazen. Et ginn der vläicht net "ganz" vill, mee "et wier emol dat".
Wat seet d'Vollek dozou?

Ech wëll daat aawer elo e bësse nuancéieren. Daat uerwe gennante Bild schéngt keng Source Informatioune gehaat ze hunn. Léider ass ët onméiglech (zumindest fier méch) eraus ze fannen wéieng Informatioune genau béim Bild waaren. héi ass den deletion log. Mee daat heescht nët dass och Biller onberechtegterwais gelescht ginn, waat eierleg gesoot nervt. Soss, sinn ech keen däer dee vill Ennerwee as, d'ass sécher schons iwwert e Jöer hier dass ech ausser Landes waar, an déi Lëscht 10 Jöer waar ech juste bis ob Tréier, Metz, Kassel, oder och emol Bréissel. Kann also héibéi nët hëllefen fier méi Biller zesummen ze bréngen.--Caranorn 12:06, 16 Mäerz 2007 (UTC)
Moie Caranorn. E puer Fotoe vu Kassel, vun dengem Heemechtsuert an den Nopeschuertschafte wiere schonns e gudden Ufank. Et muss net eng Reportage aus dem Burj al Arab vun Dubai sinn :-)) --Cornischong 12:21, 16 Mäerz 2007 (UTC)
Jo mee deemols haat ech kee Photoapparat. An obs'de lo wierklech Photo vun Zeisseng wëlls ass eng aaner Fro;-). Daat eenzegt waat ech vlaicht mache kéint wiere Photoe vun der Festung Lëtzebuerg oder der Buerg Veianen, mee do hu mër jo schons genuch fier d'Artikelen.--Caranorn 13:33, 17 Mäerz 2007 (UTC)
Am Artikel Zéisseng ass nach keng Foto dran. Also ..... --Cornischong 13:38, 17 Mäerz 2007 (UTC)
Schäetzen da kënnt elo eng kéier eng vun der Kierch, Schoul oder dem Wasserturm (machen se allen drei, an eng kënnt an den Artikel). Warden aawer bis et nët méi Schneit;-).--Caranorn 10:32, 19 Mäerz 2007 (UTC)
Da bleift nach den Tuerm an d'Schoul :-)) --Cornischong 10:58, 19 Mäerz 2007 (UTC)
Kënnt aawer nach eng vun der Kierch, dei an deem Artikel ass eichter ongewinnt (d'Architektur kënnt nët zuer Geltung). D'Wieder gesait jo elo gudd aus, ginn da wuel glaich lass.--Caranorn 13:49, 20 Mäerz 2007 (UTC)
Waar elo mol déi versprache Photoe machen. Hunn eng Photo vum Waassertuerm an den Zéisseng Artikel gesaat, déi aaner déi nach e Bësse relevant sinn ob meng Userpage. Ech hu këng Ahnung vierwaat déi vun der Schoul and der Spillschould nët displayt ginn, daat eenzegt waat se vun deenen Aaneren ennerscheet ass dass se horizontal sinn. Normalerweise häett ech d'Zeisseng Schoul 02.jpg and den Zéisseng Artikel gesaat. Iwwregens verstinn ech daat mat der Kierchephoto elo bësser, haat nët un all'd Beem geduecht déi eng Saitevue onméiglech maan.--Caranorn 16:42, 20 Mäerz 2007 (UTC)

Eidel Flächen[Quelltext änneren]

An den Uertschaftsschabloune fir lëtzebuergesch Uertschaften ass eng Plaz fräigelooss fir d' "Fläch". Dat war keng gutt Iddi: Se si praktesch alleguer eidel. --Cornischong 11:33, 21 Mäerz 2007 (UTC)

Duebel Kategorie[Quelltext änneren]

Ech hunn elo gra bemierkt dat mir follgend 2 Kategorien hunn, déi sech verdammt ähnelen:

An elo hunn ech eng Fro un eis Kategorienexperten: Watfir eng solle mir behalen? --Robby 22:12, 21 Mäerz 2007 (UTC)

An nach emol Duebel Kategorien:

An elo hunn ech eng Fro un eis Kategorienexperten: Watfir eng solle mir behalen? --Robby 17:43, 24 Mäerz 2007 (UTC)

Hei ass de Kategorienexpert :-)) : Mer halen Kategorie:Gemengen an Holland, wéi bei deenen anere Länner. --Cornischong 17:52, 24 Mäerz 2007 (UTC)
Déi 2 Fäll sinn erledigt et gëtt nëmme jeweils nach eng Kategorie. --Robby 17:56, 26 Mäerz 2007 (UTC)

An nach emol wat méngt d'Vollek?:

oder gëtt et do e subtilen Ënnerscheed de mir net kloer ass? --Robby 18:47, 27 Mäerz 2007 (UTC)

Derfir oder dergéint[Quelltext änneren]

"Häerzlech Wëllkomm um Portal Biologie" - "Wëllkomm um Portal fir Spuenien...enger Iwwersiicht" - "Portal vun der Stad Paräis" - "Portal vun der Stad Wien" - "Portal vun der Stad Lëtzebuerg" - "Wëllkomm um Portal fir Astronomie...enger"
"Portal:Film" ass de Lemma - "Portal Film" steet driwwer - "Wëllkomm um Portal fir Film..." fänkt et un.
Firwat eng Kéier "vun", dann "fir", an dann näischt? A firwat eng Kéier "wëllkomm", an déi aner Kéier net? --Cornischong 09:48, 25 Mäerz 2007 (UTC)

"Wëll"komm op der Wikipedia "fir" Lëtzebuerg.[Quelltext änneren]

Op der Potersäit User talk:Robin Hood kritt de Robin Hood ënnert anere Saache gesot "wier et mol gutt fir d'éischt richtegt Lëtzebuergescht ze schreiwen dann hätt Category och de richtege Numm amplaz datt elo alles muss geännert ginn also haal op mat daat" an als Rotschlag "Non ici c'est griichesche Pilosoph au singulier et grichesch Philosophen au pluriel". Kënner net frou sinn, datt de Robin Hood sech nach krepéiert, fir d'Kategorien emol an d'Rei ze setzen? Iwwregens stellt de Mann op senger Talk-Säit eng Fro "je n'ai pas trouvé d'ambassade sur le wiki lb:. Y en a-t-il?" an als Äntwert kritt e vun engem, deen emol net ënnerschreift (!!) erzielt "J'avais déjà repondu sur la page Stamminet il n'existe pas de page Ambassade". Datt d'Kategorie bei eis Category heescht kritt den Aarmen och nach op de Bockel "dann hätt Category och de richtege Numm". An dat fir een, deem seng Mammesprooch Franséisch ass. "Wëll"komm op der Wikipedia "fir" Lëtzebuerg. --Cornischong 10:13, 25 Mäerz 2007 (UTC)

Op der fr.Wiki krut den Utilisateur Robin Hood ganz aner Melodië gesongen: "Pour ton magnifique travail sur l'article Anaximandre! À lire et à relire.Mes plus sincères félicitations! Aymeric78 22 janvier 2007 à 18:44 (CET)" --Cornischong 10:18, 25 Mäerz 2007 (UTC)
Jo De Cornischong huet Recht.
De ganzen Talk mat dem Robin Hood huet de les Meloures gemaach och wann en eng Kéier net ënnerschriwwen huet.
De Les Meloures war déizäit nach relativ nei op der lb:Wikipedia an huet sech a senger Tounlag deeër ugepasst déi hien ëmmer sou mat kritt huet.
De Les Meloures war den eenzegen dee mat dem Robin Hood geschriwwen huet an him am Lëtzebuergeschen duerno weidergehollef huet.
De Les Meloures huet duerno dem Robin Hood och eng Äntwert op franséiisch ginn. Firwat gëtt dovunner hei net geschwat.
Dofir dem Les Meloures seng Fro elo: Wat hunn aaner Leit déi vill méi Routinn op der Wiki haten (och wann se wéi jo schonns sou dacks bemierkt gouf anscheinend keng Responsabilitéit hunn), an deem Sënn deemols gemaach. No 5 Méint potere kommen ass och net dat gielt vum Ee.

Les Meloures 11:06, 25 Mäerz 2007 (UTC)

an als Äntwert kritt e vun engem, deen emol net ënnerschreift (!!) erzielt.
Déi Reklamatioun ass elo an de Leschte Wochen e puer Mol koum.
Perséinlech krut ech mol op der lb:Wiki erklärt datt wann e keng Ënnerschrëft géif gesinn a wann et mech géif intresséeiren, wie geäntwert huet, da géif ech jo an de Rezenten Ännerunge gesinn wie geschriwwen huet, an am Historique vum Artikel och. Firwat also elo en Drama draus maachen wann een eng Kéier net ënneschriwwen huet, op ech dat elo sinn oder en aneren.
Et kann net sinn datt de Problem Ënnerschrëft wann et iwwerhaapt e Problem sollt sinn, déi eng Kéier mat sou Äntwerte minimiséiert gëtt an déi aner Kéier erëm héichgespillt gëtt Les Meloures 12:26, 25 Mäerz 2007 (UTC)


Wellkommtext[Quelltext änneren]

Moien,

Op aner Wikien kritt e User dee sech nei umellt de Wellkomm text automatesch op säin Talk gesat.

Ass dat bei ons net méiglech. Les Meloures 13:35, 25 Mäerz 2007 (UTC)


Nach en Propose
Wa mer wëllen héiflech mat den auslännesche Usere sinn, kann dann net an den anere Sproochen déi souwie sou offiziell zu Lëtzebuerg sinn och e klengen Textelche stoen an och nach vläicht op english.
Dat mat engem automatesche Wellkommegrouss verbonn géif di optimal Héiflechkeet erginn. Les Meloures 13:41, 25 Mäerz 2007 (UTC)

Ët gëtt e Wëllkomm-Text mat der Schabloun , deen dann esou ausgesäit:



Dësen ass op Lëtzebuergesch well d'Wikipedia, egal op wéienger Sprooch, sech net un e Land hält, mee wierklech nëmmen un eng Sprooch. D'franséisch Wikipedia ass jo och net nëmmen exklusiv fir Leit aus Frankräich. Och d'Walloune schwetze franséisch, genau wéi se am Quebec franséisch schwetzen. An dofir ass eisen Text nëmmen op Lëtzebuergesch, well dat heiten d'Wikipedia op der lëtzebuergescher Sprooch ass :-) --βρισεισDisk 08:53, 26 Mäerz 2007 (UTC)

An nach eng Kéier: Lizenzen[Quelltext änneren]

De Cornischong huet richtegerweis drop opmierksam gemaach, datt den Text op der Eroplued-Säit alles anescht wéi kloer doriwwer ass, wat däerf a wat net.

Ech hunn emol d'Eroplued-Säit, wéi s'op der franséischsproocheger Wiki steet, iwwersat an ugepasst (d'Commons-Obsessioun hunn ech zB ewechgelooss). Ech fannen se neemlech extreem gutt gemaach.

Kuckt Iech e wegl un an ännert, wat der mengt, dat net kloer ass oder net stëmmt. Commentairë kënnt Der heihinner schreiwen, well déi Säit just provisoresch ass.

E steet op der Säit User talk:Zinneke/Eroplueden

--Zinneke 22:05, 27 Mäerz 2007 (UTC)


Salut,

Ech war mer dat ukucken. Ganz gutt Iddi. Les Meloures 22:16, 27 Mäerz 2007 (UTC)

Salut. Dat ass et !! Schéin, iwwersiichtlech a praktesch. --Cornischong 22:46, 27 Mäerz 2007 (UTC)

Och ech hum mir dat ugekuckt et ass ganz gudd, ech schléoe juste fir fir op de gréngen Text: "Dir kënnt Bild eroplueden" jeweils e Link ze maachen wou een direkt op déi Plaz kënnt wou een dann den Eroplued-Formular ausfëlle kann. Robby 22:49, 27 Mäerz 2007 (UTC)
Op d'manst zwou Saache missten nach gekläert ginn: 1. Déi mat den Droits d'Auteure vu rezente Gebaier: Do ginn et no Land ënnerschiddlech Rechtsvirschrëften. Déi Däitsch an dd'Éisträicher hunn d'"Panoramafreiheit", d'Fransousen an d'Belsch sinn do méi kriddelech - kuckt d'Saga ëm d'Biller vum Atomium. Wat maache mer do? A wat "zielt" "hei"??
2. Biller vu Leit: Heivunner steet näischt am franséischen Text, well do nach eng weider Kategorie derbäi kënnt: déi vum Recht um eegene Bild. Déi Persoun op der Foto muss entweder averstane sinn, dass si geknipst an heihinner gestallt gëtt, oder et muss eng persoun "aus dem ëffentleche Liewe" sinn, ¨bei engem "ëffentlechen" Optrëtt (d'Spezialiste denken un d'Caroline-Uerdeel). Wee verpeekt dat an e juristech waasserdichten Text??
--Zinneke 07:01, 28 Mäerz 2007 (UTC)

Wann ech dat juristescht waasserdicht Getozels vu de "Fachleit", dat scho jorelaang am gaangen ass, an der däitschsproocheger Wikipedia iwwer Billerrechter liesen, da vergeet mär d'Loscht un de Fotoen an un der Wikipedia. Ouni e "gewësse Sënn fir Pragmatik" leeft do iwwerhaapt näischt. Wann ech bei de Kierche mech muss un d'Ierwe vun den Architekte wenden, an un de Koschter; bei der Foto vun dem Réidener Lycée un den Architekt, de Landschaftsgäertner an den Entreprener; bei der Foto vum Stadion op der Areler Strooss un d'Gemeng, den Architekt, an un deen, deen de Wues geméit huet, da gëtt et Zäit fir d'Bengele bei d'Tromm ze geheien. Dobäi, an dat wëll ech net vergiessen, sinn ech guer net der Meenung, ech dierft iwwerall a viru jidderengem op "de Knäppchen" drécken. Ech hunn d' "GNU Free Documentation Licence", déi dacks zitéiert gëtt, dacks genuch gelies, fir matzekréien, wéi abstrus deen Text am Fong geholl ass. Wat maache mär da mat der Bauschelter Gemeng, déi op hirer Websäit dem JimHawk seng Koart huet, mat der Indikatioun "aus der lëtz. Wikipedia", an dat ouni den "integralen Text (!!)" vun der GNU Lizenz ofzedrécken. Huele mer se op d'Geriicht? --Cornischong 07:48, 28 Mäerz 2007 (UTC)

Wollt just nach ëppes zum Recht ob'd eegend Bild söen. Héi zu Lëtzebuerg gëtt zumindest applizéiert dass daat séch nët nëmmen ¨m Perséinlechkeeten am Öffentlësche Liewen handelt mee jidfereen deen öffentlesch handelt kann och dobei photograféiert ginn. Daat heescht z.b. photoen vu Manifestanten (war öffters derbei wann daat diskuteiert gouf, et ass e Choix sech do öffentlesch auszedrecken, kann een also nët fuerderen nët photograféiert ze ginn... Daat géif natierlech och béi Sache wéi ¨ngem Musiksconcerte etc. gëllen (soulang d'Photo nët nëmme vun engem Selwer ass mee eben dee ganzen Event duerstellt...). Do wier natierlech d'Fro ob déi selwescht Regele fier wikipedia gëlle wéi fier'd Press. Mee allgeméng géif ech dervun ausgoen dass esou lang d'Photoen zuer Illustratioun vun Artikelen zum Thema (dee genauen Event oder méi generel deen Typ vun Event) genotz ginn alles anderei ass. Kucke mol ob mer iwregens Photoe vu Manifen brauchen, hätt däer nawell vill vun de lëschte Jöeren (leider nët vun deene greissten wëll ech do nach keen digitale Photoapparat haat).--Caranorn 13:00, 28 Mäerz 2007 (UTC)
"E gewësse Sënn fir Pragmatik" - Dat ënnerschreiwen ech mat 2 Hänn a Féiss. Ech wollt just drop hiweisen, dass deen Text, deen ech aus dem franséischen iwwersat hunn, esou wéi en ass, eebe grad déi komesch franséisch Situatioun erëm ginn huet, wou d'roud Lut ugeet, wann een z.B. op der Défense zu Paräis e Stativ auspeekt. Dofir meng Fro no Commentairen, an den nodréiglechen Hiweis, dass eis dacks paragraphereiderech transmuselanesch Noperen et do fir eng Kéier net esou enk gesinn. Mee d'kruzial Fro, wéi et dann elo zu Lëtzebuerg ass (wou jo eng ettlech Fotoe gemaach goufen) , ass domat net beäntwert. Kucke mer et dofir emol pragmatesch: Et ginn doruechter Dausende vu Fotoen am Internet vun neie Gebaier, ech denke just un d'Philharmonie, ouni dass do een e Pippcheswuert dogéint gesot hätt. Et kann een also dervun ausgoen, datt zu Lëtzebuerg éischter nom däitsche System gefuer gëtt - wat jo och gutt esou ass, a mer esou de Gäertner an dee mat der Méimaschinn e gudde Mann kënne loossen.
Mee wéi formuléiere mer dat: "Fotoe vu rezente franséischen a belsche Gebaier: njet, soss doruechter: jo gär"?
An dann zu de Fotoe vu liewege Leit: all déi Fotoen, déi eis Fotgrafe gemaach hunn, si jo op ëffentleche Veranstaltungen an/oder mam Averständnis vun deene Leit gemaach ginn, dofir gesinn ech do kee Probleem. De Caranorn säi Commentaire zu Manifen ass och partinent.
Ech giff den Text dofir virschloen, esou z'adaptéieren:

User_talk:Zinneke/Eroplueden

--Zinneke 16:17, 28 Mäerz 2007 (UTC)

" Mee d'kruzial Fro, wéi et dann elo zu Lëtzebuerg ass": Et ass mär opgefall, datt d'Pragmatik am Ländche praktizéiert gëtt. Wéi ech wollt an d'Philharmonie goen, hunn ech do gefrot an ech gouf do ganz frëndlech empfaang. Deen onbedéngt Kanner aus enger Primärschoul an am Schoulhaff wëll fotograféieren ouni op der Gemeng an dem Léierpersonal Bescheed ze soen, dee soll sech net wonneren, wat da geschitt! D'Formuléierung bei de "rezente" belschen a fr. Gebaier kéint a Riichtung: Bei b a fr rezente Gebaier musse mer eis bewosst sinn, datt den Architekt ...... drop behält. Ech ginn net dovun aus, datt bei der neier Lécker Gare de weltberühmten Architekt e Kollaps mécht, wann en eng Foto dovun an der Wiki gesäit. Fir awer elo dem franséische President säi Privathaischen ze knipsen, dabäi kéint et zu Gedéngels kommen. Am Prinzip misst ënnen histoe kommen, datt all "Borderline-Fall" soll (oder misst) virun de "Gréngen Dësch" kommen. An: Ech hu léiwer eis nei Opluedsäit steet haut do, wéi iwwermar. Deen nächste Punkt ass d'Haaptsäit an déi Këscht riets ënnen. Do steet vill geschriwwen, awer eng Lëscht mat eise Portaler wier méi praktesch. --Cornischong 19:25, 28 Mäerz 2007 (UTC)

Zu der neier Eropluedsäit: Ech fannen déi immens flott (hunn se gëscht fir d'éischt gesinn hehe jojo ech si lues), ech luusse jo och allgemeng gäere bei de Fransousen, well si dacks flott "Design"-Iddien hunn. Zu der Portallëscht: Wéi ech dir schonn eng Kéier um Parlophon gesot hat Cornischong, fannen ech perséinlech dat keng gutt Iddi. Wéi gesot, wann een nëmme 4 Portaler huet, kann een se all dorannerschreiwen, soubal ët der méi ginn (a lues a lues sprange jo ëmmer méi Portaler aus dem Buedem), géif dat eng laang Lëscht ginn, déi d'Këscht immens an d'Längt zitt, wat dann optesch net méi gutt ausgesäit. Ech hat der jo gesot, a menger "Draamvirstellung vun der perfekter Wiki" gëtt ët fir all "Enzyklopedie-Sparte", déi uewen an eisem Menu steet, direkt de Link op d'Portal (wéi bei eise franséische Noperen). Affaire à suivre :) --βρισεισDisk 08:33, 3 Abrëll 2007 (UTC)