Wladimir Iljitsch Lenin

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Wladimir Iljitsch Lenin
22. Abrëll 1870 – 21. Januar 1924
Lenin.jpg
Regierungschef
Amtszäit 8. November 1917 — 21. Januar 1924
Virgänger /
Nofolger Alexei Iwanowitsch Rykow

De Lenin (Ленин), gebuer als Wladimir Iljitsch Uljanow (Владимир Ильич Ульянов) den 22. Abrëll 1870 zu Simbirsk a gestuerwen den 21. Januar 1924 zu Gorki, war e russesche kommunistische Revolutionär a Politiker, Regierungschef vu Sowjetrussland (1917–1922) an duerno vun der Sowjetunioun (1922–1924). Hie gëllt als de Grënner vun der Sowjetunioun.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Lenin gouf eragebuer an eng Famill déi e sozialen Opstig fäerdegbruecht hat an 1882 souguer an den Adelsstand gehuewe gi war.

Nodeem säi Brudder wéinst engem geplangten Attentat géint den Zar 1887 higeriicht gouf, huet de Lenin sech de marxistesche Sozialdemokraten ugeschloss an huet ugefaange fir e kommunisteschen Ëmstuerz a Russland z'agitéieren. Trotzdeem huet hien nach Droit studéiert a gouf 1892 Affekotestagiaire.

Ee Joer drop ass en op Sankt Péitersbuerg geplënnert an huet och während e puer Méint eng Europarees duerch Däitschland, Frankräich an d'Schwäiz ënnerholl, fir sech ë. a. mat den Theorië vu sengem Virdenker Georgi Plechanow bekanntzemaachen. Wéi en zréck a Russland war gouf e während der Virbereedung vun enger illegaler Zeitung verhaft an 1897 fir dräi Joer a Südsibirien verbannt. 1898 huet en do d'Nadejda Krupskaja bestuet.

Direkt nodeem datt en am Februar 1900 aus der Verbannung zréckkoum huet en no enger Méiglechkeet gesicht fir eng vun der Zensur onofhängeg Zeitung erauszebréngen, sou datt en am Juli op München goung. Zanter Dezember vum selwechte Joer huet e sech fir de Kampfnumm "Lenin" decidéiert; d'Ursaache sinn onkloer, dacks gëtt e Bezuch zum sibiresche Floss Lena ugeholl, en anere Bezuch kéint deen zu sengem Kannermeedche Jelena sinn. 1903 huet en eng eege Fraktioun an der Sozialdemokratescher Aarbechterpartei vu Russland gegrënnt, d'Bolschewiki, aus deenen déi spéider Kommunistesch Partei vu Russland entstanen ass.

1907 ass de Lenin virun der russescher Geheimpolizei a Finnland geflücht, an ee Joer drop huet e sech definitiv an der Schwäiz néiergelooss, als éischt zu Genf an duerno zu Zürich. 1909 bis 1911 war e fir e puer Projeten zu Paräis, wou en d'Inessa Armand kennegeléiert a fir e puer Joer eng Affär mat hir ugefaangen huet.

Wéi 1914 den Éischte Weltkrich ausgebrach ass huet déi däitsch Arméi de Bolschewiki erlaabt ënner de russesche Krichsgefaangene Propaganda ze bedreiwen. Wéi no der Februarrevolutioun 1917 den Zar ofgedankt huet, mä déi russescher Arméi nach weidergekämpft huet, wollt déi däitsch Arméi am Hoffes op e Separatfridden d'Destabilisatioun vun hirem Krichsgéigner nach weider virunzedreiwen, an huet de Lenin mat nach anere prominente Kommunisten an e puer Millioune Goldmark an engem versigelten Zuch vun der Schwäiz iwwer Däitschland, Schweden a Finnland zréck a Russland fuere gelooss.

De Lenin huet direkt ugefaange géint déi provisoresch Regierung ënner dem Kerenski ze propagéieren, fir se dunn zesumme mat senge Bolschewiki an den neigegrënnte Sowjets an der Oktoberrevolutioun ze stierzen. Et ass de Bolschewiki am doropshin entfesselte Biergerkrich gelongen de Groussdeel vun de Gebidder vum fréiere Russesche Räich ënner hir Kontroll ze bréngen an de Widderstand vun de Wäissen Arméien an och anere géigneresche Biergerkrichsparteie militäresch an duerch den Asaz vum Rouden Terror ze briechen. Géint dem Enn vum Krich, 1922, hunn d'Bolschewiki d'Unioun vun de Sozialistesche Sowjetrepublike gegrënnt.

Zu dëser Zäit huet de Lenin ugefaange geeschteg a physesch Erschëpfung ze weisen. No engem éischten Hireschlag huet e säi politescht Testament verfaasst, an deem e sech géint de Stalin ausgeschwat huet. No engem zweete Schlag hat en am Mäerz 1923 nach en drëtten, deen en zur Stëmmche gemaach huet. E blouf nach bal e ganzt Joer un d'Bett gefesselt, bis zu sengem Doud am Alter vun 53 Joer, den 21. Januar 1924. Hien hat keng Kanner.

Direkt duerno gouf seng Läich abalsaméiert an an engem Mausoleum bei der Mauer vum Kreml ausgestallt. Vun 1924 bis 1991 gouf Sankt Péitersbuerg a Leningrad ëmbenannt. Entgéint dem Lenin sengem Wonsch huet de Stalin sech an deenen nächsten dräi Joer géint seng bannepolitesch Géigner duerchsetze kënnen, a fir sech weider ze legitiméieren huet en dem Lenin seng Bedeitung fir d'Sowjetunioun an de Kommunismus immens ervirgestrach, a sech als säin Nofolger am Geescht dohigestallt.

Bannent der politescher Lénkser ass d'Beuerteelung vum Lenin seng Roll bis haut ëmstridden. Déi eng gesinn en als erausragenden Theoretiker, deen dem Marxismus mat dem Leninismus eng entscheedend Weiderentwécklung ginn huet. Déi aner verweisen op antidemokratesch Tendenzen, Dogmatismus, Mënscherechtsverletzungen a brutaalste Gewaltterror.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lenin – Biller, Videoen oder Audiodateien