Yi Xing

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Büst vum Yi am 'Alen Observatoire' zu Peking

De Yi Xing, gebuer am Joer 683 a gestuerwen am Joer 727, war e chineseschen Astronom, Mathematiker, Ingenieur a buddhistische Mënch an der Zäit vun der Tang-Dynastie (618907). Säi Mënchnumm bedeit „ganz Rees“. Mat sengem weltlechen Numm huet hien Zhang Sui geheescht.

Technik[änneren | Quelltext änneren]

Hien hat eng waasserbedriwwen an duerch eng Onrou geregelt Armillarsphär, där hir Deeler mat engem kollektiven Undriff automatesch a verschiddene Vitesse rotéiert hunn. Dat séierst Zännrad huet sech all Dag ëm 2928 Zänn beweegt, dat luest all fënnef Deeg ëm een Zant. Säi Meeschterwierk war eng Weiderentwécklung vun ähnlechen Apparaten, déi zanter dem 2. Joerhonnert a China gebaut gi waren.

Miessungen[änneren | Quelltext änneren]

Virun d'Aufgab gestallt, de Kalenner ze verbesseren, dobäi besonnesch awer Parallaxen, also Sonnen- a Mounddäischterte virauszesoen, hat hien e System vun zwanzeg Observatoiren opgeriicht, dovun zéng an der Géigend vum 114. Längegrad (Angab no häitegem Greenwich-Datum), verdeelt vum 17. Breedegrad zu Jiaozhou am Vietnam bis zum 50. Breedegrad um Baikalséi. Säi Kalennerwierk dat en unhand vu senge Miessungen erstallt huet, ëmfaasst siwe Bänn.

Zu Gaocheng, wou ee vun den Observatoirë stoung, ass am 11. Joerhonnert méi e grousse gebaut ginn, an duerno am 13. Joerhonert ënner dem Kubilai Khan nees en neien, den eenzegen aus dem ale China, dat nach haut erhalen ass.

Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Yi Xing säi Wäert fir den Ofstand vun de Breedegraden an domat den Äerdëmfang louch 11,4 % iwwer dem tatsächlechen, 123,7 km amplaz 111 km.

Hien hat erkannt, datt Sonnen- a Mounddäischterten net de ganze Globus betraff hunn, mä zu ënnerschiddlechen Zäiten an ënnerschiddleche Weltgéigenden hu missen optrieden.

Hien huet och d'Eegebewegung vun de Fixstären, also d'Verännerung vu Wénkelen, an deene si vun der Äerd aus gesi ginn, entdeckt. Sou koum hien zu der Erkenntnes, datt si net op enger Kugelschuel sëtze konnten, wéi bis dohin och a China ugeholl gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]