Yoweri Museveni

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Yoweri Museveni (2003)

De Yoweri Kaguta Museveni, gebuer 1944 zu Ntungamo, ass zënter dem 29. Januar 1986 de President vun Uganda.

De Museveni huet wärend 5 Joer e Guerilla-Kampf géint de Milton Obote gefouert, woubäi hien och Kannerzaldoten agesat huet. Wéi e bis un der Muecht war, huet hie säi Regime gefestegt, andeems ë.a. keng aner Parteien zougelooss waren.

Zënterhier ass eng gewëss Stabilitéit am Land; d'Economie ass zënter datt en un der Muecht ass, staark an d'Luucht gaangen. Beim Kampf géint den Aids huet de Museveni a sengem Land fréi Kampagnen, déi de Gebrauch vu Kondomer propagéiert hunn, féiere gelooss.

Eréischt am Juli 2005 koum et zu engem Referendum, bei deem eng Majoritéit fir d'Aféiere vun engem Méiparteiesysem gestëmmt huet. D'Verfassung gouf geännert, an et koum 2006 zu Presidentschaftswalen. De Museveni huet se déi du gewonnen, a gouf 2011 nach eng Kéier erëmgewielt.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Yoweri Museveni – Biller, Videoen oder Audiodateien


Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen