Zäitklackentuerm
Den Zäitklackentuerm mat der Zytglogge, der Zäitklack an der fréierer westlecher Stadpaart, ass d'Symbol vun der Schwäizer Stad Bern.
Duerch d'Erweiderunge vun der Stad selwer, ass den Tuerm mat der Zäit ëmmer méi an den Zentrum geroden. No engem Groussbrand gouf den Tuerm 1405 zur Zytglogge ëmgebaut. Den Tuerm krut e Klackespill, dat véier Minutte virun der voller Stonn a Beweegung geréit.
Ënner dem groussen Zifferblat ass eng Astronomesch Auer ze gesinn. Et ass en Astrolabium mat Pojektioun no Süden. De Stonnenzär weist mat der gëllener Hand d'Stonnen a mam Sonnesymbol de Stand vun der Sonn géintiwwer der Planisphär, déi dropgemoolt ass, an op där, lénks de Sonnenopgank am Osten, uewen de Sonnenzenith am Süden, a riets de Sonnenënnergank am Westen duergestallt ass. Eng Kugel mat enger gëllener an enger schwaarzer Halschecht weist déi aktuell Moundphasen. Op enger exzentrescher Scheif, déi sech beweegt, an déi d'Ekliptik duerstellt, weist d'Sonn dat aktuellt Déierekreeszeechen.
| Commons: Zytglogge – Biller, Videoen oder Audiodateien |