Äisbriecher (Schëff)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den US-amerikaneschen Äisbriecher „Nathaniel B. Palmer“ an der Antarktis, 1998
Dat däitscht als Äisbriecher perfektionéiert Fuerschungsschëff „Polarstern

En Äisbriecher ass e Schëff, dat speziell dofir gebaut oder ausstafféiert ass, fir duerch zougefruert Waasser (Mier oder Séi) fueren ze kënnen, fir sech selwer oder fir aner Schëffer ee Wee duerch d'Äis opzemaachen oder opzehalen.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Eng Rei vu Konditioune muss en Äisbreecher géinteniwwer normale Schëffer erfëllen:

  • E soll eng Bug- oder Rompform hunn, déi net nëmmen d'Äis brécht, mä och déi gebrachen Äisbléck ënner oder iwwer d'Äisdecken dréckt, sou datt den opgemaache Waasserwee och fräi bleift;
  • D'Schëffsbaussenhaut muss besonnesch stabil gebaut sinn, fir net vu den Äismassen agedréckt ze ginn;
  • D'Motorleeschtung muss héich genuch sinn, datt d'Schëff ënner schwéiere Konditioune virukënnt;
  • Propeller a Rudder musse sou beschaf sinn, datt s'um Wee duerch d'Äis net beschiedegt kënne ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Äisbriecher – Biller, Videoen oder Audiodateien