Édouard Senny

Vu Wikipedia

Den Édouard Senny, gebuer den 22. Dezember 1923 zu Filot, a gestuerwen de 15. Januar 1980 an der Gare vun Hamoir an der belscher Provënz Léck, duerch en Zuchaccident, war e Komponist a Museker.

1947 huet hie mam Pierre Froidebise a mam Célestin Deliège déi Lécker Dodekaphonistegrupp gegrënnt.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Plain-chant pour une cathédrale fir Trompett an Uergel oder Piano; 4'; I: Kyrie, II: Salve Regina, III: Creator alme siderum. Geschriwwe fir den 900. Gebuertsdag vun der Kathedral vu Bayeux
  • Pastorale de fête fir Trompett an Uergel oder Piano; 4'; I: Naissance de Jésus, II: Dialogue des bergers, III: Sur la route de Betléem.
  • Deux chorals fir Uergel
  • Vitrail pour Jeanne d'Arc fir Uergel
  • Ordinaire de messe fir eng Stëmm an Uergel
  • Messe des morts fir véier Stëmmen an Uergel
  • Lanterne Magique mat Texter vum Maurice Carême
  • Cinq Versets du Cantique des Cantiques fir Gesank, Holzblosinstrumenter a Piano
  • Voyage de Hollande fir Gesank a Piano mat Texter vum franséischen Dichter Louis Aragon

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]