.kp

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

.kp ass déi National Top-Level-Domän vun Nordkorea.

Nordkorea huet 2004 eng éischt Demande gemaach, fir .kp als National Top-Level-Domän ze kréien, mee d'ICANN huet refuséiert, well d'Land net genuch Informatioune ginn huet. No enger weiderer gescheiterter Tentative 2006 an der Visite vun enger ICANN-Delegatioun an Nordkorea ass déi Demande dunn accordéiert ginn an .kp ass de 24. September 2007 geschaf ginn.