150, rue de la Patrie
Ausgesinn
150, rue de la Patrie ass d'Adress an der Citée L'orée du Bois zu Gaapserech op där d'Famill Kuddel-Fleck zanter 1985 wunnt[1].
Hiert eefamilljenhaus war dat éischt wat do gebaut gouf, an huet e bësselche mat der Zäit gelidden. De Charel deen zwou schlankser Patten zitt d'Reparaturaarbechten ëmmer an d'Längt. Hien huet kee Botzgeschier a kee Gaardegeschier wéi seng Noperen.
En huet awer wëlles wéi déi aner Noperen, sech e Gaardegrill unzeschafe fir kënne Luxusbuerger Grillwurscht a Koteletten ze broden.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell:Luxusbuerger Lexikon, Säit 40