800-Meter-Laf

Den 800-Meter-Laf ass eng olympesch Disziplin an der Liichtathletik, déi zu de Mëttelstrecke gehéiert.
De Start ass am Stoen an all Athlet muss op den éischten 100 Meter a sengem Couloir bleiwen. Wien dee verléisst gëtt disqualifizéiert. No 100 Meter däerfen d'Athleten hire Couloir verloossen. Déi Plaz gëtt duerch eng Iwwergangslinn signaliséiert. Déi Moossnam gouf agefouert fir Gedrécks ze vermeiden an datt déi staark Athlete vir sinn an déi méi schwaach Athleten deenen anere net an de Féiss sinn.
No engem Tour huet d'Feld sech da forméiert an den Endspurt gëtt scho preparéiert. Vereenzelt Athlete probéieren auszebriechen oder se halen den Tempo sou héich, datt déi aner keng Kraaft méi hunn, fir laanscht ze goen. Op de leschten 300 Meter soll een dann an den éischte Positioune si fir net agekesselt ze ginn. Déi lescht 200 Meter gëtt dann nach alles aus sech eraus geholl. Et kënnt vir datt Athleten op de leschte 50 Meter abriechen oder Krämp kréien.
D'800 Meter kënnen awer och taktesch gelaf ginn, zum Beispill den éischten Tour gëtt verbummelt (z. B.: 55-60 Sek) an de leschten Tour gëtt Vollgas gelaf (ënner 50 Sek).
Fir déi Streck ze lafe brauch den Athlet d'Vitesse vun der 400 m-Course an d'Konditioun vun där vu 1500 m. Am zweeten Tour erreecht den Athlet normalerweis d'anaerob Schwell. Op där Distanz entscheeden ëmmer déi lescht 200 m.
Rekorder[änneren | Quelltext änneren]
Weltrekorder:[änneren | Quelltext änneren]
- Männer: 1:40.91, David Lekuta Rudisha (Kenia), 09.08.2012 zu London
- Fraen: 1:53.28, Jarmila Kratochvílová (Tschechoslowakei), 26.07.1983 zu München
Lëtzebuergesche Rekord:[änneren | Quelltext änneren]
- Männer: 1:44.81, David Fiegen (Fola), 18.08.2006 zu Zürich
- Fraen: 2:01.30, Charline Mathias (CSL), 22.07.2015 zu Bellinzona