100-Meter-Laf

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Depart vun engem 100-Meter-Laf

Den 100-Meter-Laf ass eng olympesch Disziplin an der Liichtathletik, déi zum Sprint gehéiert. Si gëtt op der Piste gelaf an de Start ass a Startbléck. Si gëtt op enger riichter Streck a Couloire gelaf, déi de Leefer net verloossen däerf. Wien e Feelstart mécht (Reaktiounszäit vun ënner 100 Millisekonnen) gëtt disqualifizéiert. D'Reaktiounszäit gëtt mat Sensoren an der Pistoul vum Starter, souwéi an de Startbléck gemooss. Bis 2003 hat nach all Participant ee Feelstart zegutt, déi Regel gouf awer 2009 opgehuewen.

Den Athlet muss eng gutt Reaktiounszäit an eng séier Beschleunegung hunn. Hie muss explosiv aus dem Startblock erauskommen. Op där Streck leeft den Athlet keng Gefor an de Laktatberäich ze kommen (d. h. z'iwwersaieren).

Rekorder[änneren | Quelltext änneren]

Weltrekord:

Lëtzebuergesche Rekord: