Abderrahmane Sissako
Ausgesinn
| Abderrahmane Sissako | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 13. Oktober 1961 |
| Nationalitéit | Mauretanien, Mali, Frankräich |
| Aktivitéit | Filmproduzent, Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur, Videoskënschtler, Regisseur |
| Fonctioun | President |
| Auszeechnungen | Prix France Culture Cinéma, César fir déi bescht Regie |
|
| |
Den Abderrahmane Sissako, gebuer den 13. Oktober 1961 zu Kiffa a Mauretanien, ass ee mauretanesche Filmregisseur a -produzent. Hie gëtt zu deene bekanntste Filmregisseuren aus dem subsahareschen Afrika gezielt. A senge Filmer setzt hie sech dacks mat der Globaliséierung an dem Exil auserneen.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1989: Le Jeu, Ofschlossprojet op der Filmhéichschoul
- 1993: Octobre, Kuerzfilm
- 1995: Le chameau et les bâtons flottants, Kuerzfilm
- 1996: Sabriya, Kuerzfilm
- 1997: Rostov-Luanda, Documentaire
- 1998: La vie sur terre
- 2002: Heremakono
- 2006: Bamako
- 2014: Timbuktu, César fir de beschte Film 2015
