Op den Inhalt sprangen

Abiotesch Ëmweltfacteuren

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Als abiotesch ginn Ëmweltfacteuren zesummegefaasst, un deene Liewewiesen net erkennbar bedeelegt sinn. Si ëmfaassen ënner anerem Facteure wéi Klima, Atmosphär, Waasser, Wäermt, Temperatur, Liicht, Stréimung, Salzgehalt, Konzentratioun u Niersalzer an un aner cheemesch Substanzen; domat deemno Ëmweltfacteuren, déi onbelieft Interaktiounspartner duerstellen

Am Géigesaz dozou sti biotesch Ëmweltfacteuren, déi belieft Interaktiounspartner duerstellen.

All Planzen- an Déiere sinn un definéiert Standuertbedingungen ugepasst. Doduerch entwéckele si sech op all Standuert zu enger typescher an un d'abiotesch Facteuren ugepasste Liewensgemeinschaft.