Abu Simbel

Vu Wikipedia
Kolossalstatue vum Ramses II. virum groussen Tempel

Abu Simbel ass en Uert an der Wüst an Ueweregypten, um westlechen Ufer vum Nil, ongeféier 280 km südlech vun Assuan. Bekannt ass Abu Simbel virun allem wéinst zwéi Fielsentempele vum Ramses II., déi do leien.

Wéi beim Bau vum Stauséi d'Gefor entstoung, datt d'Tempele géifen iwwerschwemmt ginn, gouf mat enger opwenneger an deierer Aktioun, vun 1965 bis 1968, e Projet gestart fir se ze retten. Dee Projet huet bis zu 42 Milliounen Dollar kascht. D'Tempele goufen auserneegeholl an 180 m méi wäit am Land erëm opgebaut. Eng grouss Hallefkuppel aus Bëtong soll dat Ganzt schützen. D'Tempele gi bis zu 55 m wäit an déi Bëtongskonstruktioun eran. Un de Wandmolereien an och bannen an den Tempelen ass näischt vun dëser Aktioun z'erkennen.

Zanter e puer Joerhonnerte sinn déi zwéin Tempelen eng grouss Touristenattraktioun. Abu Simbel ass weider och net méi bewunnt an huet just nach en Hotel an e Fluchhafe fir d'Touristen.

Tempel vum Ramses II.[änneren | Quelltext änneren]

Statuen am Tempel vum Ramses II

De groussen Tempel ass dem Ramses II. geweit. D'Statue virum Tempel sinn 20 m héich a stelle véiermol de Ramses duer. Den Tempel ass sou gebaut ginn, datt den 22. Februar an den 22. Oktober d'Sonn duerch den Agang vum Tempel direkt op d'Statue bannen am Tempel schéngt.

Tempel vun der Nefertari[änneren | Quelltext änneren]

Figure virum Tempel vun der Nefertari

De klengsten Tempel ass den Hathor, deen dem Ramses senger Fra Nefertari geweit gouf. D'Nefertari ass grad wéi hire Mann grouss am Stee veréiwegt. Déi eenzel Figuren déi bei dësem Tempel a Stee gehae goufe sinn d'Nefertari, de Ramses II. an den Hathor.

Zanter 1979 gehéieren d'Tempele vun Abu Simbel zum Weltierwe vun der UNESCO.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Abu Simbel – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten.