Achilleus

Vu Wikipedia
De rosenen Achilleus, gemoolt vum Léon Benouville

Den Achilleus (gr. Aχιλλεύς, Akhilleús) war an der griichescher Mythologie de Jong vum Peleus an der Miernymph Thetis. Als Kand vun engem mënschleche Papp an enger gëttlecher Mamm war hie stierflech, mä seng Mamm huet awer versicht en onverwondbar ze maachen an huet en als Puppelchen an de Styx gezappt. Just déi Plaz un der se en ugehalen huet, d'Feescht, ass net vum Waasser benetzt ginn a war dofir déi eenzeg Plaz un der den Achilleus konnt verwonnt ginn.

Wéi d'Achaier ënner Féierung vum Agamemmnon hire Krichszuch géint Troja virbereet hunn huet dem Achilles seng Mamm versicht hien ze verstoppe well hien no enger Virausso vum "Seher" Kalchas entweeder bei Troja géif falen, oder e laangt a langweilegt Liewe féiere géif. Si huet en als Meedche verkleet an e bei den Duechtere vum Lykomedes op Syros ënnerbruecht, vun deenen e spéider och eng, d'Deidameia bestit, a mat hir de Neoptolemos kritt huet.

De Phoinix ass zum Erzéier vum Achilleus bestëmmt ginn. Den Achilleus ass zesumme mam Patroklos, sengem engste Frënd an eelere Cousin, opgewuess, an huet sech zu engem vun de stäerksten a wëllste Kämpfer entwéckelt. Den Homer nennt e meescht dee "Schnellféissegen".

Am Trojanesche Krich huet en d'Myrmidonen, respektiv d'Thessalier ugefouert. Virun Troja huet den Achilleus eng sëllegen Heldendote vollbruecht, huet sech awer dunn no engem Sträit ëm d'Sklavin Briseis vum Kampf zeréckgezunn. Well d'Griichen elo dem Achilleus seng Ënnerstëtzung net méi haten, hu si eng Schluecht no där anerer verluer. Souguer wou den Odysseus, den Ajax an de Phoenix den Achilleus opgesicht an him héich Entschiedegungen ugebueden hunn, war hien net dozou ze bréngen zeréck ze kommen. E war awer domat averstanen, datt de Patroklos a senger Plaz (mat senger Rëschtung a senge Waffen) sollt kämpfen.

Mä schonn een Dag drop gëtt de Patroklos vum Hektor, an der Meenung et wier den Achilleus, ëmbruecht. D'Rëschtung an d'Waffen hëlt den Hektor als Trophée mat. Rosen an erniddregt kënnt den Achilleus zeréck fir säi Frënd ze rächen a massakréiert den Hektor. Eréischt nodeem dem Hektor säi Papp Priamos, de Kinnek vun Troja, agegraff huet, huet den Achilleus d'Läich eraus gi fir datt hien e konnt begruewen.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Achilles – Biller, Videoen oder Audiodateien