Peleus

Vu Wikipedia

De Peleus ass an der griichescher Mythologie de Jong vum Aiakos, Kinnek vu Phthia an Thessalien a vun der Endeis. E war mat der Thetis bestuet an de Papp vum Achilleus.

Mythos[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de Peleus a säi Brudder Telamon hiren Hallefbrudder Phokos ëmbruecht haten, si se vum Aiakos verbannt ginn. De Peleus ass dunn op Phthia gaangen, wou e vum deemolege Kinnek Eurytion vun all Schold fräigesprach ginn ass an huet seng Duechter Antigone (och: Polymela) zur Fra an en Drëttel vum Kinnekräich kritt. Mat der Antigone zesummen huet en d'Polydora kritt.

De Peleus war och bei der Juegd op de Kalydonesche Béier dobäi, wou en duerch e Mëssel den Eurytion mam Speer ëmbruecht huet a sou erëm verbannt ginn ass. En ass dunn op Iolkos an Thessalie geflücht. Do gouf en op en Neits fräigesprach, déi Kéier vum Kinnek Akastos. Zesumme mat den Argonauten huet de Peleus sech och op d'Sich nom gëllene Vlies gemaach.

Op de Spiller, déi zum Doud vum Pelias ofgehale gi sinn, huet de Peleus mat der Jeeërin Atalante gerongen an ass dobäi der Fra vum Akastos, der Astydamia an d'A gefall. Si wollt e verféieren, mä ass awer vun him zeréckgewise ginn. Aus Rach huet si dunn der Antigone an engem Bréif matgedeelt de Peleus wéilt sech mat hirer Duechter Sterope bestueden, wouropshin d'Antigone sech erhaangen huet. Dunn ass si bei hire Mann gaangen an huet him erzielt de Peleus hätt hir Avance gemaach.

Fir de Peleus aus dem Wee ze raumen huet den Akastos en dunn op eng Juegd um Bierg Pelion agelueden. De Peleus huet sech als dee geschécklechste Jeeër erwisen, mä awer du vun den Déieren déi en erluecht hat nëmmen d'Zongen als Beweis behalen, mä dem Akastos seng Leit hunn d'Kierpere matgeholl a schlussendlech de Gewënn fir sech beusprocht, wat de Peleus awer duerch déi gesammelt Zonge widderleeë konnt. Wéi hien du méi spéit an der Wildnis ageschlof war, huet den Akastos him säi Schwäert verstoppt, fir datt hie sech net virun deene grausamen Kentaure vum Bierg wiere kënnt.

De Peleus ass dunn och wierklech vun de Kentaure fonnt ginn, mä ee vun hinnen, säi Grousspapp Cheiron huet em säi Schwäert erëm ginn a vun do un huet de Peleus eng Zäit bei him a senger Hiel gelieft, wou hie sech e Plang fir sech ze revanchéieren ausgeduecht huet. D'Geleeënheet huet sech fonnt, wéi e mat Hëllef vum Kastor a Polydeikes Iolkos eruewert huet. Do huet en d'Alkydamia a Stécker geha, an hir Deeler an der Géigend verstreeë gelooss an en huet den Alkastos mat engem Schwäert, dat den Hephaistos fabrizéiert hat, an den Hermes him ginn hat, ëmbruecht.

Säin zweet Bestietnes hat de Peleus mat der Nymph Thetis. Si war sou schéin datt vill vun de Gëtter si begiert hunn. Mä et huet eng Prophezeiung bestanen, déi gesot huet dem Thetis säi Jong géif méi bedeitend gi wéi säi Papp. Dunn huet den Zeus dofir gesuergt datt d'Thetis mat engem Stierfleche sollt bestuet ginn an huet de Peleus dofir bestëmmt. Si war awer net bereet hien einfach sou ze bestueden an huet sech a verschidde Forme verwandelt (sou z. B. an e Vull, e Bam, en Tiger) mä de Peleus hat si, op Rot vum Cheiron ugestréckt, bis se sech schliisslech erginn huet.

F'Hochzäit um Bierg Pelion hu si vum Poseidon déi zwee onstierflech Päerd Balios a Xanthos geschenkt kritt, a vum Hephaistos eng nei Rëschtung. All déi olympesch Gëtter waren agelueden, bis op d'Eris. Déi huet dunn aus Rach e gëllenen Apel mat der Opschrëft "Fir déi Schéinst" ënner d'Gäscht gehäit. Dunn ass ënner der Hera, der Athene an der Aphrodite e Sträit ëm den Apel ausgebrach. De Paris sollt dunn entscheede wien den Apel sollt kréien an huet sech fir d'Aphrodite entscheet, déi him déi schéinst Fra vun der hellenescher Welt, d'Helena, versprach huet. D'Entféierung vum Helena huet zum Trojanesche Krich gefouert.

De Peleus an d'Thetis hunn zesummen den Achilleus kritt, deen du vum Cheiron opgezu ginn ass. Seng Mamm huet versicht den Achilleus onstierflech ze maachen andeems se hien an de Styx gezappt huet, mä dobäi huet se hie misse mat der Feescht unhalen, a sou war dat déi eenzeg Plaz wou e verwondbar war. Am Trojanesche Krich ass den Achilleus vum Paris duerch e Fäil an d'Feescht erschoss ginn.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Peleus – Biller, Videoen oder Audiodateien