Adada Offline

Vu Wikipedia

Adada Offline ass eng Zäitschrëft zu Lëtzebuerg, déi zanter Juni 2019 véiermol am Joer vum Verlag 11 août Média sàrl erausgi gëtt.

Et ass den 'analogen' Ofleeër vun der Internetsäit adada.lu, a riicht sech, wéi déi, u Spezialisten aus der Kommunikatiouns-, Graphiks- a Publicitéitsbranche am Land.

Se gëtt an enger Oplo vun 2.000 Exemplairen an der Imprimerie Centrale gedréckt.