Adler (Lokomotiv)

Vu Wikipedia
Nobau vun 1935 zu Koblenz.

Den Adler war eng Damplokomotiv mat der Achsefolleg 1A1 n2 (Whyte-Notatioun: 2-2-2). Et war déi éischt Lokomotiv déi an Däitschland op enger Eisebunnsstreck gelaf ass.

Se gouf 1835 vun der bayrescher Ludwigsbunn an England bei de Constructeuren George a Robert Stephenson bestallt, an ass fir d'éischt de 7. Dezember 1835 op der Streck tëscht Nürnberg a Fürth gefuer.

D'Lokomotiv hat e Schleeftender vun der Bauaart 2 T 2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Adler (locomotive) – Biller, Videoen oder Audiodateien