Nürnberg

Vu Wikipedia
Nürnberg
Land Däitschland
Bundesland Bayern
Regierungsbezierk Mittelfranken
Krees Kreesfräi Stad
Awunner 523.026 (31. Dezember 2022)
Fläch 186.46
Héicht 309
Koordinaten 49°27'14"N, 11°4'39"O
Telefonszon 0911
Postcode 90402–90491
Websäit https://www.nuernberg.de/
Jumelage mat Skopje, Krakau, Nice, Glasgow, Prag, Charkiw, Atlanta, Córdoba, Gera, Venedeg


Nürnberg ass eng Stad an der Bundesrepublik Däitschland. Mat ronn 500.000 Awunner (2014) ass si no München déi gréisst Stad vu Bayern.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad gouf wuel uganks um 11. Joerhonnert gegrënnt. Als keeserleche Stützpunkt an Openthaltsuert krut se séier Bedeitung fir d'Räich. Handwierk an Handel hunn hiert grad sou dozou bäigedroen.

Am 19. Joerhonnert huet sech Nürnberg zu engem industriellen Zentrum a Bayern entwéckelt, ë. a. am Beräich vu Motoren, Dréckereiwiesen a Spillgezei.

A der Zeit vum Nationalsozialismus gouf se zur "Stad vun de Reichsparteideeg", an op sou engem Parteidag goufen d'Nürnberger Rassegesetzer eestëmmeg beschloss. Spéider am Krich war se d'Zil vun enge sëllegen alliéierte Loftugrëffer, déi d'Stad mat hirer historescher Bausubstanz zu 90% zerstéiert hunn. De Justizpalais mat dernieft dem Prisong hunn awer bal kee Schued dervugedroen, soudatt vun November 1945 un hei an net zu Berlin d'Nürnberger Prozesser géint Krichsverbriecher vun der Nazidiktatur gefouert goufen.

Fotosgallerie[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Nürnberger[änneren | Quelltext änneren]

Donieft hunn awer och vill bekannte Persounen do gelieft, wéi de Georg Wilhelm Friedrich Hegel (Philosoph), de Kaspar Hauser (Huuschtekand), de Ludwig Feuerbach (Philosoph) an d'Sandra Bullock (Schauspillerin).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nürnberg – Biller, Videoen oder Audiodateien