Op den Inhalt sprangen

Adobe Illustrator

Vu Wikipedia
Ikon vun Adobe Illustrator

Adobe Illustrator, kuerz AI, ass e Vektorgrafikprogramm vun der Firma Adobe Inc..

Mat Adobe Illustrator kann de Benotzer Computergrafiken erstellen, déi ouni Qualitéitsverloscht an hirer Gréisst kënne verännert ginn. A pixelbaséierte Bildbeaarbechtungsprogrammer, wéi zum Beispill Photoshop, ass dat net méiglech.

1985 gouf mat der Entwécklung vun Adobe Illustrator ugefaangen. E gouf fir den Apple Macintosh entwéckelt. 1987 koum déi éischt Versioun eraus. Den Numm "Illustrator" weist op d'Zilgrupp hin: Illustrateuren, virun allem an der Publicitéitsbranche.

De Programm leeft op de Betribssystemer Microsoft Windows a macOS vu Apple a gëllt zënter Joren als Standardprogramm um Gebitt vun der Vektorgrafik.

Commons: Adobe Illustrator – Biller, Videoen oder Audiodateien