Aither

Vu Wikipedia

Aither, Aithir oder Aether ass an der griichescher Mythologie d'Persounifikatioun vum "ieweschten Himmel", de Jong vum Erebos a vun der Nyx.

Den Aither ass d'Séil vun der Welt an all neit Liewen entspréngt aus him. Hien ass déi reng Loft, déi d'Gëtter ootmen an an där d'Stäre schwiewen. Am Géigesaz dozou ootmen d'Mënschen aer.

Den Erzielunge vun den Orphiker no wieren d'Nyx an den Aither awer vun Ufank un do gewiescht: Si, d'Nuecht, gouf vum Wand, dem Aithir, befrucht an huet dunn e sëlwert Ee an de Schouss vun der Däischtert geluecht, aus deem den Eros erausgekroch koum, de Gott mat de Flilleken aus Gold, deen zwee Geschlechter huet an alles beweegt.

An dësem Ee wier als éischt uewen de Chaos an ënnen den Okeanos, den eelste Mieresgott, zesumme mat der Tethys gewiescht. Oder, no enger anerer Erzielung, wier uewen de Chaos, den eidele Raum, an ënnen d'Gaia, déi grouss Äerdgëttin gewiescht.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.