Al Jarreau

Vu Wikipedia
Al Jarreau
Gebuer 12. Mäerz 1940
Milwaukee
Gestuerwen 12. Februar 2017
Los Angeles
Doudesursaach Otemnout
Nationalitéit USA
Educatioun University of Iowa
Aktivitéit Sänger, Liddermécher, Jazzmuseker, Assistant social, Perkussionist

Den Al Jarreau, gebuer als Alwyn Lopez Jarreau den 12. Mäerz 1940 zu Milwaukee am Wisconsin, a gestuerwen den 12. Februar 2017 zu Los Angeles, war en US-amerikaneschen Jazz-, Pop- a Rhythm-and-Blues-Sänger a Songschreiwer.

Den Al Jarreau ass an enger musekalescher Famill opgewuess an ass als jonke Mann doruechter a Kluppen opgetrueden. 1975 huet e säin éischte Plackekontrakt ënneschriwwe fir We Got By. 1976 koum säin zweeten Album, Glow, eraus. 1977 hat e Succès mat sengem Livealbum Look to the Rainbow. This Time (1980) Breakin' Away (1981), Jarreau (1983) an High Crime (1984) koumen no. 1985 huet e Live in London am Wembley-Stadion opgeholl, a mat villen anere beim Projet vun USA for Africa, We Are the World, matgemaach.

1986 ass L Is for Lover erauskomm, 1988 Heart's Horizon an 1992 Heaven and Earth. 1994 huet den Al Jarreau Tenderness an engem klenge Sall opgeholl. Dono huet en um Broadway zu New York am Musical Grease, an an där enger oder anerer Tëleesserie matgespillt.

No e puer Tournéeë koum 2000 nees en neien Album, Tomorrow Today, bei sengem neie Label Verve eraus. 2002 huet en All I Got agespillt, 2004 Accentuate the Positive, an 2006 Givin' It Up, zesumme mam Jazz-Gittarist a -Sänger George Benson. 2007 krut e fir d'Stéck God Bless the Child säi sechste Grammy Award.

Hien ass deen eenzege Kënschtler, dee jee ee Grammy an den 3 Genren Jazz, Pop a Rhythm & Blues gewonnen huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Al Jarreau – Biller, Videoen oder Audiodateien