Alan Alexander Milne
Ausgesinn
Alan Alexander Milne | |
---|---|
Gebuer |
18. Januar 1882 London |
Gestuerwen |
31. Januar 1956 Hartfield |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun |
Universitéit vu Cambridge, Trinity College, Westminster School |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Dichter, Romancier, Kannerbuchauteur, Dréibuchauteur, Offizéier, Prosaist, Dramatiker, Essayist, Auteur, Novellist |
Famill | |
Kanner | Christopher Milne |
Den Alan Alexander Milne (A. A. Milne), gebuer den 18. Januar 1882 zu London am Henley House zu Kilburn (Hampstead)[1] a gestuerwen den 31. Januar 1956 an der Cotchford Farm zu Hartfield (East Sussex)[2], war en englesche Schrëftsteller.
Ufanks huet hien et als Auteur vun Theaterstécker zu enger gewëssener Renommée bruecht, weltbekannt ass hien awer eréischt mat senge Kannerbicher Winnie-the-Pooh (1926) an The House at Pooh Corner (1928) ginn, an deenen d'Figuren op Plüschdéieren zeréckginn, mat deene säi Jong Christopher Milne gespillt huet.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Massard, J.A., 2006. Vom Armee-Maskottchen zum Kinderbuch-Helden: Winnie-the-Pooh feiert 80. Geburtstag! In: Lëtzebuerger Journal 2006, Nr. 199 (14./15. Oktober), S. 22-23. [1]
- Thwaite, A., 1990. A. A. Milne. His Life. London, Boston: Faber and Faber, 554 S.
- Thwaite, A., 1992. The Brilliant Career of Winnie-the-Pooh. The story of A. A. Milne and his writing for children. London, Methuen, 192 S.