Alberto Giacometti

Vu Wikipedia
Alberto Giacometti
Gebuer 10. Oktober 1901
Gestuerwen 11. Januar 1966
Chur
Doudesursaach chronesch obstruktiv Longenerkrankung
Nationalitéit Schwäiz, Frankräich
Educatioun Académie de la Grande-Chaumière
Aktivitéit Sculpteur, Moler, Schrëftsteller, Designer, Bijousdesigner, Graveur, Graphiker, Zeechner
L'Homme qui marche op der Récksäit vun engem Schwäizer 100-Frang-Schäin

Den Alberto Giacometti, gebuer den 10. Oktober 1901 zu Borgonovo, gestuerwen den 11. Januar 1966 zu Chur, war e Schwäizer Sculpteur a Moler.

Hie war de Jong vum post-impressionistesche Moler Giovanni Giacometti, de Brudder vum Diego Giacometti (och e Moler) en Enkel vum Moler Augusto Giacometti.

Hien huet sech zu Paräis néiergelooss an do no an no Succès kritt. Do huet hie Kontakt mat anere Moler wéi dem Joan Miró, Alexander Calder an André Masson kritt a mat de Surrealisten André Breton, Louis Aragon a Salvador Dali.

1934 hat den Giacometti seng éischt Solo-Ausstellung an der Galerie Julien Levy zu New York.

Hien huet sech 1949 mat der Annette Arm, senger Mus, bestuet. An den 1950er an 1960er Jore war seng produktiivst Period, mat Ausstellungen ë. a. op der Biennale zu Venedeg an zu New-York.

Am bekanntste si seng Skulpturen, laang gouereg Figuren, wouvun déi emblemateschst L'Homme qui marche däerft sinn, déi och zu den deierste Konschtwierker iwwerhaapt zielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alberto Giacometti – Biller, Videoen oder Audiodateien