Aleksandre Karapetian
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Foussballspiller. Fir den armeenesche Sänger, kuckt wgl. Alexander Karapetjan (Sänger). |
Aleksandre Karapetian | |
---|---|
Gebuer |
23. Dezember 1987 Tiflis |
Nationalitéit | Armenien |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Stiermer |
Gréisst | 184 cm |
Gewiicht | 83 kg |
Veräin/Ekipp |
F91 Diddeleng, SV Wehen Wiesbaden, SV Elversberg, CS Gréiwemaacher, F91 Diddeleng, F91 Diddeleng, CS Gréiwemaacher |
Den Aleksandre Karapetian, och Alexander Karapetjan (op Armeenesch: Ալեքսանդր Կարապետյան), gebuer den 23. Dezember 1987 zu Tiflis a Georgien, ass en däitsch-armeenesche Foussballspiller op der Stiermer-Positioun[1][2].
Zanter 2006 huet hien a senger Karriär fir verschidden däitsch, a spéider fir lëtzebuergesch, russesch an armeenesch Foussballclibb gespillt[1].
2014 huet de Karapetian fir déi armeenesch Foussballnationalekipp debutéiert an huet zweemol am Team gespillt[2]. 2018 ass hie bei d'armeenesch Nationalekipp zeréckkomm, an huet zwéi Goler an de Matcher géint Gibraltar a géint Liechtenstein geschoss[3]. Interessant ass, datt de Karapetian, deen armeenesch Originnen huet, fir d'éischt just am Joer 2012 an Armenie war[4]. Hie schwätzt schlecht Armeenesch a Georgesch, dofir awer ganz gutt Däitsch[5], an och Russesch an Englesch[6]. D'Participatioun am Kader vun der armeenescher Nationalekipp war den Dram vum Spiller a vu senger Famill[7],[8].
De Karapetian lieft mat senger russescher Fra zu Lëtzebuerg, a baussent dem Sport ass hie Geschäftsmann. Hien ass de Besëtzer vun enger Software-Firma, vun enger Shisha-Bar, an huet hien och e Liwwerungsbetrib zu Dubai[6].
Wéinst sengem Glach mam iresche Kampfsportler gëllt den Aleksandre Karapetian als "den armeenesche Conor McGregor"[6].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 https://www.transfermarkt.de/aleksandre-karapetian/profil/spieler/49788
- ↑ 2,0 2,1 https://www.liga3-online.de/aue-testet-armenischen-nationalspieler-aleksandre-karapetian/
- ↑ https://www.transfermarkt.de/aleksandre-karapetian/nationalmannschaft/spieler/49788/verein_id/6219
- ↑ https://sport.news.am/rus/news/48459/aleksandr-karapetyan-bernaru-shallandu-udaetsya-khorosho-motivirovat-nas.html
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 09.10.2014. Gekuckt de(n) 30.04.2018.
- ↑ 6,0 6,1 6,2 https://www.championat.com/football/article-3510267-intervju-s-aleksandrom-karapetjanom-byvshim-igrokom-sbornoj-armenii.html
- ↑ https://www.championat.com/football/article-3323675-leo-messi-i-garri-kejn-zabivali-v-2017-godu-bolshe-gola-za-igru.html
- ↑ http://noev-kovcheg.ru/mag/2014-20/4807.html