Alexei Anatoljewitsch Nawalny
![]() |
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Alexei Anatoljewitsch Nawalny | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 4. Juni 1976 |
Nationalitéit | Russland |
Educatioun | Yale Universitéit |
Aktivitéit | Politiker, Affekot, Aktivist |
![]() |
Den Alexei Anatoljewitsch Nawalny (op Russesch: Алексей Анатольевич Навальный), gebuer de 4. Juni 1976 am Duerf Butyn am Distrikt Odinzowo am Oblast Moskau[1], ass e russeschen Affekot, Blogger[2], ë. a. YouTube-Blogger[3], Politiker a politeschen Aktivist[4]. An der Zäit vun der Regierung Putin-Medwedew gouf hien ee vun de Leadere vun der russescher Oppositioun bekannt[5],[6]. Wéinst enger Verurteelung an engem kontestéierte Prozess gouf him verbueden, weider Kandidat fir déi russesch Presidentschaft 2018 ze bleiwen[7].
2012 war en onofhängege Kandidat fir Moskauer Buergermeeschter ze ginn, a koum op déi zweet Plaz[5].
Den Nawalny ass e bekannten Aktivist géint d'Korruptioun a Russland[2],[8], an ass de Grënner vun der Fondatioun fir Korruptiounsbekämpfung (Fond borby s korrupzijei)[9]. Seng Documentairen "Tschaika" (2015, iwwer de russesche Generalprocureur Juri Tschaika, seng Filssen an d'Korruptiounsaktivitéit vun dëser Famill) an "On wam ne Dimon" (2017, iwwer de komplizéierte System vun der Korruptiounsaktivitéit vum Ex-Ministerpresident Medwedew) hate grousse Succès. Honnertdausenden a souguer millioune Leit hunn d'Filmer op YouTube gekuckt[10],[11].
Den Alexei Nawalny a seng Ënnerstëtzer gi vum putinistesche Regimm aktiv verfollegt[12],[13],[14],[15].
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Alexei Nawalny – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ https://lenta.ru/lib/14159595/
- ↑ 2,0 2,1 https://www.newyorker.com/magazine/2011/04/04/net-impact
- ↑ http://www.bbc.com/russian/news-42501721
- ↑ https://newtimes.ru/articles/detail/137007
- ↑ 5,0 5,1 http://www.km.ru/v-rossii/2013/09/20/vladimir-putin/721060-putin-priznal-alekseya-navalnogo-liderom-oppozitsii
- ↑ https://www.dp.ru/a/2017/04/05/Tot_samij_personazh_kak_n
- ↑ http://p.dw.com/p/2pxHL
- ↑ http://www.nytimes.com/2011/03/28/business/global/28investor.html?_r=0
- ↑ https://www.vedomosti.ru/library/articles/2012/02/13/pesnya_o_blogere
- ↑ http://www.colta.ru/news/9431
- ↑ http://www.nedelya.ru/view/199649
- ↑ http://p.dw.com/p/2XAoy
- ↑ http://p.dw.com/p/2rPM7
- ↑ https://meduza.io/news/2017/10/06/predlagayut-vybrat-odnogo-iz-odnogo-andrey-zvyagintsev-potreboval-dopustit-navalnogo-na-vybory
- ↑ https://www.svoboda.org/a/28831654.html