Alexis Tsipras

Vu Wikipedia
Alexis Tsipras
Gebuertsnumm Αλέξης Τσίπρας
Gebuer 28. Juli 1974
Athen
Nationalitéit Griicheland
Aktivitéit Politiker, Bauingenieur

Den Alexis Tsipras (gr.: Αλέξης Τσίπρας), gebuer den 28. Juli 1974 zu Athen, ass e griichesche Politiker (Syriza). Hie war vum 26. Januar 2015 bis de 7. Juli 2019 Premierminister vu Griicheland.

2006 gouf hien an de Gemengerot vun Athen gewielt. Zënter 2008 ass hie President vun der lénkser Partei Syriza, an zënter 2010 Vizepresident vun der Europäescher Lénkspartei.

Seng Partei, mat him als Spëtzekandidat, krut bei de virgezunnene Parlamentswale vum 25. Januar 2015 déi meescht Stëmmen. Am Walkampf hat den Tsipras sech dofir agesat, datt d'Spuerpolitik, zu där Griicheland sech verflicht hat, fir weider Sue geléint ze kréien, misst gelabbert ginn. An der Regierung huet hien awer eng jett Waasser a säi Wäi misse schëdden, wat dozou gefouert huet, datt seng Partei bei de virgezunnene Parlamentswalen zu Gonschte vun der Nea Dimokratia u stëmme verleuer huet, an de Kyriakos Mitsotakis neie Premierminsiter gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alexis Tsipras – Biller, Videoen oder Audiodateien