Alfred Deller

Vu Wikipedia
Alfred Deller
Gebuer 31. Mee 1912
Gestuerwen 16. Juli 1979
Bologna
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Operesänger

Den Alfred Deller, gebuer den 31. Mee 1912 zu Margate am Kent a gestuerwen de 16. Juli 1979 zu Bologna an Italien, war en englesche Kontertenor.

Den Alfred Deller huet als Bouf Sopran gesongen. Nom Stëmmbroch huet hien als Kontertenor weidergesongen. Hien huet dunn an de Chéier vun der Canterbury-Kathedral a vun der St. Paul's Kathedral gesongen. Am Joer 1948 hat en zu London säin éischte Solooptrëtt.

Den Alfred Deller huet sech haaptsächlech op Englesch Barock a Renaissancemusek vun de Komponisten John Dowland an Henri Purcell spezialiséiert. Ëm 1950 grënnt en den Deller Consort, e Vokal- an Instrumentalensembel, dee sech der fréier englescher Musek unhëlt.

Donieft ëmfaasst säi Repertoire och aner Partien, wéi Opere vum Georg Friedrich Händel.

Den Alfred Deller huet den 11. Juni 1960 um Festival vun Aldeburgh bei der Éischtopféierung vun der der Oper A Midsummer Night's Dream vum Benjamin Britten d'Kontertenorroll vum Oberon gesongen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]