Alkanen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Alkanen (fréier : Paraffinen, Grenzkuelewaasserstoffer) sinn azyklesch an net gesiedegt Kuelewaasserstoffer vun der Strukturformel CnH2n+2. Vum Butan u gëtt et verzweigt Alkanen. Dat sinn d'Isomeren, si ginn als Isoalkanen oder Isoparaffinen (i-Alkanen, i-Paraffinen) bezeechent. Déi normal kettefërmeg Alkanen, déi net verzweigt sinn, ginn n-Alkanen oder n-Paraffine genannt. D'Cycloalkanen hunn eng Rankstruktur.

Nomenklatur[änneren | Quelltext änneren]

Ausser deenen éischte véier Alkanen gëtt den Numm vun engem n-Alkan aus enger griichescher Zuel an dem Suffix –an forméiert. D'Zuel gëtt d'Nummer vun de Kuelestoff-Atomer vum n-Alkan un. De Buschtaf n seet, datt et sech ëm e kettefërmegen Alkan handelt.

Numm Formel Kachpunkt (C°) Schmëlzpunkt (C°)
Methan CH4 -161,5 -182,5
Ethan CH3-CH3 -88,6 -183,3
Propan CH3-CH3-CH3 -42,1 -187,7
n-Butan CH3-CH3-CH3-CH3 -0,5 -138,4
n-Pentan CH3-(CH2)3-CH3 36,1 -129,7
n-Hexan CH3-(CH2)4-CH3 68,7 -95,3
n-Heptan CH3-(CH2)5-CH3 98,4 -90,6
n-Octan CH3-(CH2)6-CH3 125,7 -56,8
n-Nonan CH3-(CH2)7-CH3 150,8 -53,5
n-Decan CH3-(CH2)8-CH3 174,1 -29,7

Physikalesch Eegeschaften[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt véier Alkanen (Methan, Ethan, Propan a Butan) si bei Raumtemperatur a bei Atmosphärendrock (1013 hPa) gasfërmeg. Mat 5 bis 16 Kuelestoff-Atomer (Pentan bis Hexadecan) si se flësseg an all Alkan, deen nach méi C-Atomer huet, ass fest.

Chemesch Eegeschaften[änneren | Quelltext änneren]

U sech sinn d'Alkanen inert a reagéiere seele mat anere Produiten. Dofir gi se och Paraffine genannt.

Alkane reagéieren awer mat dem Chlor a mat der Schwiefelsaier fir nei Produiten ze forméieren. Mam Sauerstoff verbrenne se zu Kuelendioxid a Waasser. Aner Reaktioune vun den Alkane sinn de Cracking an d'Isomeriséierung.

Virkommen[änneren | Quelltext änneren]

Äerdgas a Pëtrol besti gréisstendeels aus Alkanen.

Hierstellung[änneren | Quelltext änneren]

An der Industrie ginn Alkanen aus dem Äerdgas an aus dem Pëtrol destilléiert an extrahéiert.

Uwendung[änneren | Quelltext änneren]

Alkane ginn als Brennes, Sprit a Léisungsmëttel geholl. Donieft sinn se wichteg Basisproduiten an der Petrochimie.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Linear alkanes – Biller, Videoen oder Audiodateien