Op den Inhalt sprangen

Allemagne-en-Provence

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Allemagne-en-Provence
D'Schlass

D'Schlass
D'Schlass
Land Frankräich
Regioun PACA
Departement Alpes-de-Haute-Provence
ArrondissementForcalquier
Kanton Valensole
Postcode 04500
Gemengecode 04004
Koordinaten 43° 46’ 59’’ N
      06° 00’ 28’’ O
Fläch  3 299 ha
Bevëlkerung  544 (1. Januar 2023)

Allemagne-en-Provence ass eng franséisch Gemeng am Departement Alpes-de-Haute-Provence an der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur.

Besonnesch am spéiden 19. Joerhonnert sinn e puer Theorien opgestallt ginn, fir den Numm vun alles Méiglechem ofzeleeden, ma nëmmen net mat Däitschland a Verbindung ze bréngen.

Tatsächlech gouf d'Uertschaft schonns 1182 als Alamania repertoriéiert, sou dass keen Zweiwel bestoe kann, datt et sech tatsächlech, wann net op Däitschland, dann dach op d'Allemannen zeréckféiere léisst, déi do wuel virun oder wärend der Vëlkerwanderung eng kleng Kolonie, oder, warscheinlech éischter e Militärposten haten.[1],[2],[3].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Charles Rostaing: Essai sur la toponymie de la Provence (depuis les origines jusqu’aux invasions barbares). Marseille: Laffite Reprints, 1973 (éischt Editioun 1950).
  2. Bénédicte a Jean-Jacques Fénié: Toponymie provençale. Éditions Sud-Ouest, coll. « Sud Ouest Université », 2002, ISBN 978-2-87901-442-5, S. 56.
  3. Philippe Blanchet, Petit dictionnaire des lieux-dits en Provence, Montfaucon, Librairie contemporaine, 2003, ISBN 2-905405-22-8, S.18.