Alphonse Claude du Pasquier
Ausgesinn
Alphonse Claude du Pasquier | |
---|---|
Gebuer | 30. Mäerz 1792 |
Gestuerwen | 1. Mee 1872 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
De Barong Amour Alphonse Claude du Pasquier de Dommartin, gebuer den 30. Mäerz 1792 zu Iechternach, a gestuerwen den 1. Mee 1872, war e lëtzebuergeschen Industriellen a Schmelzhär.
Hien hat 1820 sengem Schwéierpapp, dem Joseph de Blochhausen, déi Colmer Schmelz an d'Schlass ofkaaft. 1845 huet en déi ganz Proprietéit un de Kinnek-Groussherzog Wëllem II. verkaaft.
Famill
[änneren | Quelltext änneren]De Claude du Pasquier war de Bouf vum Michel Ignace du Pasquier an deem senger Fra Marguerite Madelaine de Blair. Hien hat ee Brudder, de Charles Hippolyte du Pasquier.
Den 8. Oktober 1816 huet hie sech mat der Hyacinthe de Blochausen (1793-1843) bestuet an d'Koppel krut dräi Kanner.
- Charles Joseph du Pasquier, deen Offizéier an der franséischer Arméi gouf an Deputéierte vum Departement Vosges war.
- Maximilien Hippolyte du Pasquier, deen Explorateur war.
- Pauline Hyacinthe du Pasquier, bestuet de 15. Oktober 1849, zu Metz mam Ludovic Raillardy de Prauthois.