Alster (Floss)

Vu Wikipedia
Aussenalster a Binnenalster.

D'Alster ass e 56 km laange rietsen Niewefloss vun der Elbe. Se huet hir Quell zu Henstedt-Ulzburg, a Schleswig-Holstein, op enger Héicht vun 31 m, a leeft dann no e puer Schlaufen a südlecher Richtung duerch d'Hansestad Hamburg, wou se am Stadzentrum, am Binnenhafen, als Alsterfleet an d'Elbe leeft.

D'Stad Hamburg gouf op der Mëndung vun der Alster gegrënnt, hiert Waasser huet an der Zäit ë. a. d'Befestegungsgrief gefiddert. Am Géigesaz zu der Elbe ass d'Alster net de Gezäiten ausgesat. Si ass am Zentrum vu Hamburg zu zwee Séie gestaut: D'Aussenalster an d'Binnenalster, deen dem Stadbild säi Cachet gëtt. Dës goufe schonn am 13. Joerhonnert ugeluecht, ë. a. fir Millen unzedreiwen.

De Baseng vun der Alster ass 587 km2 grouss. Nieweflëss sinn:

Panorama iwwer d'Binnenalster op d'Alstad.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alster – Biller, Videoen oder Audiodateien