Amateurradioastronomie

Vu Wikipedia

Amateurradioastronomie ass en Deelberäich vun der Amateurastronomie, déi sech mat der Observatioun vun astronomeschen Objeten am Radioberäich befaasst.

Instrumenter[änneren | Quelltext änneren]

Amateur-Radioastronomen bauen hir Instrumenter meeschtens selwer. Dobäi gräife se dacks op gebraucht Baudeeler aus aner Technikberäicher, wéi Sat-Parabolantennen, LNBs oder Empfänger zeréck. Schonn aus einfache Bausteng léisst sech e Radioteleskop fir d'Observatioun vun der Sonn hierstellen.

Observatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst de klenge Parabolantenne vun Amateurradioastronomen, déi rar méi grouss wéi 3 Meter sinn, beschränke sech d'Méiglechkeeten op d'Observatioun vun Objeten am Sonnesystem an op Objeten an der Mëllechstrooss. En ettlechen Amateurradioastronomen hunn awer och scho Pulsaren entdeckt.

Observatioun vun der Sonn[änneren | Quelltext änneren]

Als Beispill ass eng Eruptioun vun der Sonn den 30. August 2002 ugefouert, déi op zwou Frequenze gläichzäitig gemooss gouf. D'Maxima vu béide Signaler haten zäitlech genee mat den Opzeechnunge vun de Sonnesatellitte GOES 8 an 10 iwwereneegestëmmt. Als Antenn gouf fir de 430-MHz-Beräich eng véierfach Yagi-Antenn mat 21 db Gewënn gebraucht a fir den 13-cm-Beräich eng Parabolantenn mat 136 cm Duerchmiesser an 25 db Gewënn. D'Antenne goufe mat enger Eegebau-Montéierung mat Schrëttmotorsteierung nogefouert. Als Empfänger goufen Amateurfunkinstrumenter gebraucht, déi entspriechend modifizéiert goufen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Amateurradio-Astronomie The European Radio Astronomy Club

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie