Amritsar

Vu Wikipedia
De Gëllenen Tempel.

Amritsar (Panjabi: ਅੰਮ੍ਰਿਤਸਰ; ofgeleet vun Amrita Saras: "Nektarséi") ass eng Stad am indesche Bundesstaat Punjab mat knapps 1.000.000 Awunner. Et ass de spirituellen Zentrum vum Sikhismus (kuckt: Gëllenen Tempel).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1577 gouf Amritsar vum Ram Das, dem véierte Sikh-Guru, gegrënnt. Den alen Numm vun der Stad war Ramdaspur. Den Numm Amritsar krut Stad nom Baseng, dee ronderëm de Gëllenen Tempel ugeluecht gi war (Amrit Sarovar).

1919 war do d'Amritsar-Massaker.

De 5. Juni 1984, um Héichpunkt vun den Onrouen tëscht Hinduen a fundamentalistesche Sikhs, huet Premierministesch Indira Gandhi de Gëllenen Tempel, wou sech de Leader vun de militante Sikh Jarnail Singh Bhindranwale verschanzt hat, vun der Arméi stierme gelooss (Operation Bluestar). Et gouf eng 500 Doudeger, an eng indirekt Suite dovu war d'Ermuerdung vun der Indira Gandhi, den 31. Oktober 1984, vun zwéi vun hire Sikh Leifwiechter.

Nordwestlech vun der Stad ass den internationale Fluchhafe Raja Sansi International Airport.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Amritsar – Biller, Videoen oder Audiodateien