Anaximenes vu Milet

Vu Wikipedia
Anaximenes

Den Anaximenes vu Milet, Αναξιμένης, gebuer 585 v. Chr. zu Milet, a gestuerwen 525 v. Chr. war en Naturphilosoph an en Astronom am antike Griicheland. E gëtt zu der zweeter Generatioun vun de Virsokratiker gerechent.

Hie war e Schüler vum Anaximander an e war mam Thales a mam Anaximander e Vertrieder vun der Ionescher Philosophie, där eelster Richtung vun der griichescher Philosophie.

A sengem Wierk Iwwer d'Natur gesäit hien d'Loft als originär Matière, als Arché, aus där duerch Verdichtung Waasser a Steng, an duerch Verdënnung Feier gëtt. Hie versteet och dorënner den Otem, dee Liewe gëtt, d'Séil. Domat kënnt en un de Begrëff vun der Ur-Kraaft, déi d'originär Matière eréischt verschaffe kann. De Prinzip, dee belieft, läit an der Matière selwer. Dowéinst geet rieds vun deem, wat d'Matière beliewe kann, dem sougenannten Hylozoismus. Déi dozou stinn, sinn Hylozoisten.

D'Virstellung vum Kosmos als e “Weltganzt”, dat sech zwar déi ganzen Zäit ännert, awer a senger Substanz éiweg ass, geet op den Anaximenes zeréck.

Den Anaximenes hat och schonn d'Iddi, datt den Äerdmound net vu sech aus liicht, mä e Kierper ass, deen d'Sonneliicht reflektéiert.

Texter[änneren | Quelltext änneren]

  • H. Diels, W. Kranz: Die Fragmente der Vorsokratiker, Berlin, 1934-37, an dräi Bänn
  • Jean-Paul Dumont: Les Présocratiques, Gallimard, 1988, Bibliothèque de la Pléiade

Fir nozekucken[änneren | Quelltext änneren]

  • W. K. C. Guthrie: A History of Greek Philosophy. Vol. 1., Cambridge: Cambridge University Press, 1962. Säiten 115-40.
  • Richard Goulet /Ed.: Dictionnaire des philosophes antiques, Band 1 (Abam(m)on à Axiothéa, CNRS, 1989, Säiten 192-194.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Anaximenes – Biller, Videoen oder Audiodateien