Andrew Fabian

Vu Wikipedia
Andrew Fabian
Gebuer 20. Februar 1948
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun University College London,
King’s College London
Aktivitéit Astronom
Member vun Royal Society, National Academy of Sciences, Academia Europaea, International Astronomesch Unioun

Den Andrew Christopher Fabian, gebuer den 20. Februar 1948 ass e britteschen Astronom an Astrophysiker.

De Fabian leet d'Röntgenastronomiegrupp am Institute of Astronomy an der University of Cambridge. Seng Fuerschung konzentréiert sech am Ament op d'Galaxiëkéip, aktiv Galaxiskäre a schwaarz Lächer souwéi op de kosmesche Röntgenhannergrond. Virdrun huet de Fabian sech och mat Röntgenduebelstären, Neutronestären a Supernovareschter befaasst.

Hien ass ee vun den Entdecker vu staark verbreeten Emissiounslinne vun Eisen aus der onmëttelbarer Ëmgéigend vu schwaarze Lächer an aktive Galaxiëkären. Hie gehéiert zu de wichtegste Vertrieder mat der Virstellung, datt Deeler vum gliddege Gas a Galaxiëkéip a Cooling Flows séier ofkille missten, an ënnersicht d'Roll vun aktive Galaxiëkären als Energiequell fir déi observéiert Ënnerdréckung vun dësem Virgank.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie