Anneliese Rothenberger

Vu Wikipedia
Anneliese Rothenberger
Gebuer 19. Juni 1924
Mannheim
Gestuerwen 24. Mee 2010
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Televisiounsmoderateur, Operesänger

D'Anneliese Rothenberger, gebuer den 19. Juni 1924[1] zu Mannheim an de 24. Mee 2010 zu Münsterlingen gestuerwen, war eng däitsch Sopransängerin, déi an Däitschland an an Éisträich fir hir Optrëtter an Operen an Operetten bekannt war.

Si huet ë. a. an der Wiener Staatsoper, op de Salzburger Festspiller, an der Scala zu Mailand an an der Metropolitan Opera zu New York gesongen. Ausserdeem hat si reegelméisseg Emissiounen op der däitscher Tele an hat Rollen an deem engen oder anere Film.

1972 huet se hir Autobiographie mam Titel Melodie meines Lebens publizéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Anneliese Rothenberger – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Verschidde Quelle ginn 1926 un