Anti-Tanks Hond
En Anti-Tanks Hond war ee mat Sprengstoff beluedenen Hond, deen dresséiert gouf fir ënner feindlech Tanksen ze lafen an do eng Sprengluedung ze zünden. Entspriechend de Programmer gouf et tëscht den 1930er bis Mëtt der 1990er an der Sowjetunioun, respektiv a Russland[1]. D'USA haten uganks änlech Programmer, awer keng aktiv Asätz vun Anti-Tanks Hënn[2].
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Asätz vun Hënn fir militäresch Zwecker gouf et am Éischte Weltkrich. Et huet mat einfachen Aufgaben ugefaangen, wéi Zaldote virun Artillerie- a Gasattacken ze warnen. Duerno hunn d'Sowjets d'Hënn fir weider Kommunikatiouns-, Rettungs- a Minnenopspiermissiounen trainéiert. Eng beléift Rass dofir war den däitsche Schéiferhond[1].
An den 1930er koum d'Iddi op, den Hënn Sprengstoff ëmzehänken, deen s'ënnert d'Tanksen leeë sollten, well do déi schwächst Panzerung war. Uschléissend sollte se déi 10 bis 12 kg schwéier Charge mat den Zänn zünden an erëm zeréck bei hire Meeschter lafen. Allerdéngs goufen d'Hënn fir den Zweete Weltkrich ze onrealistesch trainéiert. D'Hënn hu just déi mat Diesel bedriwwe sowjetesch Tankse kannt, d'Nazien hate meeschtens Bensinnstanksen. Si sinn deemno ënnert sowjetesch Tankse gelaf an hunn hir eege Leit ëmbruecht. Och de Kaméidi vun der Artillerie hunn d'Hënn net kannt an hate wéineg Succès.
Doropshin sinn d'Hënn no den éischten Anti-Tanks Asätz 1941, fir Kamikaze-Missiounen ausgebilt ginn. Wéi d'Nazie bis den Asaz vun den Hënn spatz haten, hu si all Hond um Terrain ofgeschoss.
40.000 Anti-Tanks Hënn solle vun der sowjetescher Arméi dresséiert gi sinn. D'Sowjets hu vun 300 zerstéierten Tankse bericht, wat trotz vereenzelte Succèsen international staark bezweifelt gëtt[2].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Anti Tank Dog: The Soviet 'Masterplan' that Backfired to Disastrous Effects. STSTW (7 Oktober 2019) Archivéiert de(n) 2021-12-29. Gekuckt de(n) 29 Dezember 2021.
- ↑ 2,0 2,1 Anti-Tank Dogs: A Scared Weapon. War History Online (30 November 2016). Gekuckt de(n) 29 Dezember 2021.