Apple Magic Mouse

Vu Wikipedia
Apple Magic Mouse
Hiersteller: Apple
Type: Maus
Virstellung: 20. Oktober 2009
Connexioun: Bluetooth
Virgänger: Apple Mighty Mouse

D'Apple Magic Mouse ass eng optesch Computermaus vun Apple déi ouni Kabel funktionéiert. Se gouf den 20. Oktober 2009 virgestallt a fir d'éischt verkaf. Ausserdeem ass se den Nofollger vun der Apple Mighty Mouse an ass déi éischt Maus déi Multi-Touch beherrscht, wat et méiglech mécht fir Gesten ze benotzen.

Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Magic Mouse huet eng Multi-Touch-Uewerfläch, die mam iPhone-Screen oder mam Macbook Trackpad ka verglach ginn. Et scrollt een doduerch, datt een e Fanger op der Maus op-, of- a säitlech beweegt, wat et och méiglech mécht fir 360-Grad-Beweegungen ze maachen.

Virdeeler[änneren | Quelltext änneren]

Well d'Magic Mouse keng mechanesch Deeler huet, kann et net méi virkommen datt et duerch Verschmotzung zu enger Disfunktion von der Scrollfunktioun kënnt, wéi et beim Virgängermodell de Fall war.

Viraussetzungen[änneren | Quelltext änneren]

  • E Mac mat Bluetooth;
  • Mac OS X 10.5.8 (oder méi nei) mam Wireless Mouse Software Update 1.0 (ab Mac OS X 10.6.2 gëtt d'Magic Mouse OTB ënnerstëtzt).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Offiziell Sait